Retro 2024 Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Vélocité – de 2 à 4 roues

Eng Konferenz fir déi urban Mobilitéit z’iwwerdenken

D’lescht Woch haten d’Gemeng Käl an d’Minett UNESCO Biosphere eng Vëloskonferenz mam Titel “Vélocité – de 2 à 4 roues” organiséiert. D’Evenement huet Experten an engagéiert Bierger zesummebruecht an eng Plattform gebueden, fir iwwer d’Zukunft vun der urbaner Mobilitéit an eiser Regioun nozedenken.

Am Kär vun den Debatten: de Paradox, datt manner Vëlo gefuer gëtt

D’Konferenz huet e markante Paradox beliicht: wärend de Vëlo fréier omnipresent an eise Stied war, huet seng Utilisatioun staark zugonschte vum Auto ofgeholl. D’Participanten un der Konferenz hunn d’Grënn fir dës Entwécklung beliicht a si besonnesch op déi Auto-orientéiert Stadplanung an déi komplex Relatiounen tëscht de Bierger an hiren Transportmëttelen agaangen.

De Landesplanungsministère huet e Schlësselkonzept presentéiert: “15-Minutte-Stad”. Dës urban Planungsapproche soll eis stättesch Raim transforméieren, esou datt d’Leit all wesentlech Servicer bannent 15 Minutten zu Fouss oder mam Vëlo erreeche kënnen. Domat kann déi douce an nohalteg Mobilitéit aktiv gefërdert ginn.

Konkret Virschléi fir nohalteg Changementer

Den Engagement Virschléi ervirbruecht, déi eng Inspiratioun kënne sinn. Ënnert anerem gouf virgeschloen, eng regional Vëloskommissioun ënnert der Gouvernance vum UNESCO-Biosphärereservat ze grënnen. D’Participanten hunn och d’Wichtegkeet betount, fir déi Jonk méi fir de Vëlo ze sensibiliséieren, wat als fundamentale Facteur fir eng laangfristeg Verhalensännerung gesi ginn ass.

Richtung bessert Vëlosnetz

Eise Projet, fir d’Vëlosnetzer an der Regioun ze verbesseren, schafft schonn un den nächste Schrëtt fir den Hierscht. An Zesummenaarbecht mat PRO-VELO a mat de lokale Bierger gëtt de Beamten a politesche Vertrieder vun de PRO-SUD-Gemengen dann eng Kaart vun de “missing links” am regionale Vëlosnetz virgestallt. D’Zil ass et, Lücken, déi bestinn, z’identifizéieren a konkret Léisunge virzeschloen, fir d’Verbindungen an d’Sécherheet fir a vun de Cyclisten ze verbesseren.

E villverspriechenden Impuls fir déi aktiv Mobilitéit

Dës Konferenz ass e wichtege Schrëtt fir iwwer urban Mobilitéit an der Minett UNESCO Biosphere nozedenken. Experten, Decideuren a Bierger sinn hei an engem konstruktiven Dialog zesummekomm. Se bestätegt, datt de Vëlo nees eng zentral Plaz an eisem Alldag kéint anhuelen. De fruchtbaren Austosch an déi proposéiert Initiativen encouragéieren eis weider an der Fërderung vun der aktiver Mobilitéit z’engagéieren.