Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Politesch Concertatiounsreunioun

Reunioun tëscht dem Landesplanungsminister an dem erweiderte PRO-SUD-Comité

Confirmatioun vum Engagement fir ee regionaalt Raumentwécklungskonzept

an d‘Opwäertung vum UNESCO-Biosphärereservat

De Minister fir Landesplanung, Claude Meisch, an d’Membere vum Syndikat PRO-SUD hu sech haut fir e konstruktiven Dialog iwwer déi aktuell Kooperatiounsinitiativen tëscht dem Staat an der Südregioun getraff.

Dëst Treffen ass eng Suite vun der gemeinsamer Absichtserklärung, déi de 21. Abrëll 2023 vun de Membergemenge vum Syndikat PRO-SUD, dem Ëmweltminister an dem Minister fir Landesplanung ënnerschriwwe gouf. Dës Déklaratioun ass Deel vun der koordinéierter Entwécklung vun der Minett UNESCO Biosphere mam ambitiéisen Zil, bis 2050 klimaneutral ze ginn.

Op der Reunioun ass de Wëllen ze kooperéieren, fir eng gemeinsam territorial a regional Approche ze definéieren, nach emol ënnerstrach ginn. Mat der Kollaboratioun solle Ressourcen zesummegeluecht ginn, fir Synergien ze schafen an d’Käschte fir d’Gemengen ze reduzéieren, an d’Südregioun an engems als Virreider vun der nohalteger Entwécklung zu Lëtzebuerg ze positionéieren.

Besonnesch Opmierksamkeet gouf op d’Projet “Mission Zéro Carbone” geluecht, déi e wesentleche Pilier vun der “Vision Territoriale Région Sud ” ass, déi vum Landesplanungsdepartement am Kader vun der Realisatioun vum „Plan Directeur de l’Aménagement du Territoire (PDAT)“ initiéiert gouf. Am Kader vun der Sëtzung huet Lex Faber vum Bureau d‘études Zeyen+Baumann d’Resultater vum éischte Workshop vum Regionalforum Süde presentéiert. D’Zil vun dësem Atelier war d’Entwécklung vun engem regionale Aktiounsplang fir eng gemeinsam Dekarboniséierung vun der Südregioun am Aklang mat den Ziler vun enger nohalteger Landesplanung.

Dëst Treffen ass e wichtege Meilesteen an der Konsolidéierung vun de strategesche Partnerschaften tëscht dem Staat an de Membergemenge vum Syndikat. De PRO-SUD gëtt esou zu engem Katalysator an Accelerateur vu konkrete Mesuren déi zu enger ausbalancéierter regionaler Entwécklung a méi Ëmweltschutz bäidroe sollen.