Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Radio 100,7 op Besuch…

… an der Aire Terrestre Educative

Gëschter war de Maurice Molitor, Journalist beim ëffentlech-rechtleche Radiosender Radio 100,7, op Besuch an der Minett UNESCO Biosphere. Fir seng Emissioun “Den Hallwer Néng” huet de Maurice Molitor en zwanzeg Minutte laange Reportage iwwert d’Aire Terrestre Educative (ATE) zu Rëmeleng opgeholl.

Bei Pilotprojet vun der ATE am Arboretum “An Aenzelen” start elo déi lescht kreativ Aufgab, déi vun den zwou Rëmelenger Klasse bis bei d’grouss Vakanz realiséiert soll ginn. Zesumme mat der Graphikdesignerin Lisa Keiffer, enger Rëmelenger Kënschtlerin, a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturzentrum Spektrum, sollen déi ronn 30 Schüler aus dem Cycle 3 an dem Cycle 4 eng nei Beschëlderung fir den Arboretum entwéckelen. Dës gëtt elo an e puer Etappe bis de 15. Juli realiséiert, duerno grafesch ëmgesat an installéiert. Déi offiziell Presentatioun vum leschte grousse Projet ass da fir den Hierscht geplangt.

De Pilotprojet vun der Aire Terrestre Educative gëtt vun der Minett UNESCO Biosphere am Kader vum Minett Natur an Ëmwelt LéierLab realiséiert, deen duerch den FNR finanzéiert a vum Département de l’Aménagement du Territoire (DATer) ënnerstëtzt gëtt. 

Klickt hei fir de Reportage ze lauschteren.