Retro 2024 Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

UNESCO designéiert 11 nei Biosphärereservater

UNESCO huet d’Designatioun vun 11 neie Biosphärereservater an 11 Länner guttgeheescht, fir eng éischte Kéier sinn d’Belsch a Gambia dobäi, an zwee nei grenziwwerschreidend Biosphärereservater sinn och elo Deel vum weltwäiten Netzwierk.

Déi aner nei Biosphärereservater sinn a Kolumbien, an der Dominikanescher Republik, an Italien, an der Mongolei, an Holland, op de Philippinnen, an der Republik Korea, a Slowenien an a Spuenien. Mat dësen neie Biosphärereservater, déi eng Gesamtfläch vu 37.400 km² ofdecken, wat der Gréisst vun Holland entsprécht, ëmfaasst d’Weltnetz vu Biosphärereservater elo 759 Sitten a 136 Länner.

Dës nei Designatioune goufe wärend der 36. Sessioun vum Internationale Koordinatiounsrot decidéiert, dem Organ, dat den UNESCO Programm „Man and the Biosphere“ dirigéiert an aus 34 Vertrieder aus UNESCO Memberlänner besteet. De Rot huet sech vun 2. bis de 5. Juli zu Agadir am Marokko getraff, direkt am Uschloss un d’UNESCO-Konferenz iwwert de Buedem.

D’Biosphärereservater sinn en integralen Deel vum UNESCO Mandat als wëssenschaftlech Organisatioun vun de Vereenten Natiounen. All Biosphärereservat fërdert innovativ lokal Léisunge fir eng nohalteg Entwécklung, schützt d‘Biodiversitéit a bekämpft de Klimawandel. Si ënnerstëtzen och lokal an indigen Gemeinschaften duerch Praktike wéi Agroökologie, Waassermanagement an d’Schafe vun nohaltege Revenusquellen.

D‘Biosphärereservater droen dozou bäi d’Ziler z‘erreechen, déi vun de Staate bei der Adoptioun vum „Kunming-Montreal Global Biodiversity“-Kader am Dezember 2022 festgeluecht goufen, nämlech 30 % vun der Land- a Mieressurface vun der Äerd als geschützten Zonen auszeweisen an 30 % vun de geschiedegten Ökosystemer bis 2030 nees a Stand ze setzen.

Déi nei Biosphärereservater sinn:

  • Kempen-Broek Transboundary Biosphere Reserve (Belsch & Holland)
  • Darién Norte Chocoano Biosphere Reserve (Kolumbien)
  • Madre de las Aguas Biosphere Reserve (Dominikanesch Republik)
  • Niumi Biosphere Reserve (Gambia)
  • Colli Euganei Biosphere Reserve (Italien)
  • Julian Alps Transboundary Biosphere Reserve (Italien & Slowenien)
  • Khar Us Lake Biosphere Reserve (Mongolei)
  • yApayaos Biosphere Reserve (Philippinen)
  • Changnyeong Biosphere Reserve (Republik Korea)
  • Val d’Aran Biosphere Reserve (Spuenien)
  • Irati Biosphere Reserve (Spuenien)