Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Minett Trail: Lénger Schoul ka reservéiert ginn

Elo steet näischt méi der Entdeckung vun der Minett UNESCO Biosphere am Wee. Déi eeleft a lescht Kabaische laanscht den 90 Kilometer laange Wanderwee „Minett Trail“, d’„Lénger Schoul“, ass zënter Kuerzem op.

Dat fréiert Schoulgebai, dat komplett renovéiert an an ee funktionelle Gîte ëmgebaut ginn ass, waart op d‘Wanderer, déi vu Kënzeg aus déi éischt Etapp vum Minett Trail hannert sech bruecht hunn.

An der fréierer Schoul kënnen d’Gäscht vun engem groussen Openthaltsraum mat enger voll equipéierter Kiche profitéieren. An der Kabaische gëtt et véier separat Schlofkummeren, esou datt  bis zu 7 Gäscht mateneen hei iwwernuechte kënnen. Wann d’Wieder gutt ass, kënnen d’Wanderer och vun der grouss Terrass profitéieren a Kanner kënne sech op der Spillplaz, déi direkt nieft der Kabaischen opgeriicht gouf, amuséieren.

All d‘Kabaisercher kënnen elo gebucht ginn!

D’Ouverture vun der Kabaischen zu Lénger hat e bëssen op sech waarde gelooss, mä d’Waarden huet sech sécher rentéiert. Mat dëser touristescher Infrastruktur gëtt net nëmmen d’Gemeng Käerjeng, op där hirem Territoire d’Lénger Schoul läit, mee och déi ganz Minett UNESCO Biosphere a punkto Tourismus opgewäert. An Zukunft si mer als Regioun dann och prett de Wanderer, egal ob se vu Lëtzebuerg oder soss aus der Welt kommen, um Schluss vun all Etapp vum Minett Trail eng Méiglechkeet fir z’iwwernuechten ze proposéieren.

Wéi déi aner zéng Kabaisercher, war de Reamenagement vun dësem Gebai d’Resultat vun engem Architekteconcours, deen d’Trägerstruktur vun der Minett UNESCO Biosphere, de Gemengesyndikat PRO-SUD, zesumme mam “Ordre des architectes et des ingénieurs-conseils (OAI)“ organiséiert hat. Gewënner vum Käerjenger Projet war den Architektebüro “O3 Architecture” mat engem Projet vun den Architekte Quentin Van Bruyssel a Frédéric Jennes.

Fir en Zëmmer oder déi ganz Kabaischen zu Lénger ze reservéieren, klickt op eent vun de Biller hei drënner.

Source: www.simpleviu.com