📀 Minettsdapp - De Song iwwert eis Biosphär 🎙️ 🕵️ Minett Escape Games - Outdoor-Spill-Spass fir Jonker 🏆 🦇 Entdeckt de Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab 🌿 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten 🍐
arrow
quote quote

Klimapaktdag 2023

Den 31. Mäerz war zu Munneref den nationale Kilmapaktdag 2023.

Vertriederinnen a Vertrieder vun de Gemengen, déi sech am Klimapakt engagéieren, hu sech gesi fir a fachleche Seancen iwwert d’Ëmsetze vu Luedinfrastrukturprojete fir Elektromobilitéit, d’Promotioun vun der nohalteger Entwécklung am Kader um Klimapakt an d’Ëmsetze vu Klimaaktiounen op kommunalem Niveau ze diskutéieren.

E weidere Workshop hat sech virun allem un d’Vertrieder vun de Gemengen aus de Regioune Minett UNESCO Biosphere, Regionalforum Zentrum an Nordstad adresséiert. Hei stoung en Echange zu méigleche Synergien tëscht dem Klimapakt a regionale Kooperatiounsprojeten am Mëttelpunkt vun den Diskussiounen.

Besonnesch interesséiert waren d’Gemengen, déi un dësem regionale Workshop deelgeholl hunn, un de Punkten d’Potential vun den erneierbaren Energien ze steigeren an um weideren Ausbau vun enger sécherer Vëlosinfrastruktur fir d’Ënnerstëtzung vun der aktiver Mobilitéit.

Zwou Gemengen aus dem Syndicat PRO-SUD, deen d’Minett UNESCO Biosphere geréiert, hunn dann ewell och schonn de véierten an héchsten Zertifizéierungsniveau vum Klimapakt erreecht. Et sinn dëst Esch-Uelzecht a Schëffleng.