Fir den 20. Joeresdag vum Syndicat PRO-SUD hunn déi 11 Membergemengen am Abrëll eng Ofsiichtserkläerung ënnerschriwwen d’Minett UNESCO Biosphere gemeinsam ze dekarboniséieren. Eng grouss Quell fir den Ausstouss vu Kuelendioxid an d’Atmosphär bleift d’Heizen. Fir d’Emissiounen an dësem konkrete Beräich erofzesetzen ass déi energetesch Sanéierung vu Wunnhaiser an anere Gebaier eng Méiglechkeet. Eng aner Pist ass et d’Hëtzt vun eisem Planéit ze notzen an iwwer Geothermie Gebaier an der kaler Joereszäit op enger agreabeler Temperatur ze halen.
Wat genee ass Geothermie?
Geothermie, oder geothermesch Energie ass Wäermt, déi an der Äerdkrust gespäichert ass an déi een notze kann. Grondsätzlech kann een dës Energie benotze fir de hëtzen oder ze killen. Mat Hëllef vu Geothermie kann awer och Stroum produzéiert ginn. Et kann een se awer och an der Kraft-Wärme-Kopplung notzen.
Geothermie ass eng erneierbar Energiequell a kann eis esou bei der Transitioun an eng méi nohalteg Liewensweis hëllefen. Aus dem flësseg Kär vun eisem Planéit zitt Wäermt a Richtung Uewerfläch an ouni d’Zesummespill vun dëser planetarescher Hëtzt an der Astralung vun der Sonn wier kee Liewen op eisem Planéit méiglech.
D‘Temperatur vum Buedem geet mat der Déift an d’Luucht. An der Moyenne klëmmt se ëm 30°C pro Kilometer Déift, dësen Temperaturgradient kann awer regional ënnerschiddlech sinn. Fir vun dëser geothermaler Energie profitéieren ze kënnen, muss een een d’Wäermt duerch eng Buerung un d’Surface bréngen. Dat funktionéiert entweder direkt ënnert der Surface oder a méi déiwe Schichten. Bei Buerunge vun iwwer 400 Meter Déift gëtt vu mëtteldéiwer Geothermie geschwat.
Fir dës Energie dann awer konkret benotzen ze kënnen, musse geologesch Basiskonditiounen erfëllt sinn ewéi hydrothermal Oflagerungen oder waarm Gestengsformatiounen, déi een no un der Äerduewerfläch fanne kann.
De Minett kéint vun dëser Energiequell profitéieren
Am Joer 2015 huet eng Etüd eng éischte Kéier d’Potential vu mëtteldéiwer geothermescher Energie zu Lëtzebuerg gewisen. Geséchert Donnéeë gëtt et bis ewell awer nach keng, obschonns d’Geothermie eng nohalteg Quell fir d’Hëtze vu ganze Quartiere ka sinn, déi aktuell an eiser Regioun geplangt ginn. A Fro kéimen hei de Quartier „Nei Schmelz“, deen zu Diddeleng entsteet, oder de Quartier „Metzeschmelz“, deen tëscht Esch a Schëffleng geplangt ass.
Fir dat geneet Potential ze confirméieren an eng konkret Bestandsopnam vun de reelle geothermesche Konditiounen an eiser Regioun ze maachen, muss den Ënnergrond vun eiser Regioun allerdéngs detailléiert ënnersicht ginn, fir esou déi Gebitter z’identifizéieren an deenen d’Notze vun der mëtteldéiwer Geothermie Sënn mécht.
Eng éischt, lokal Analys ass 2018 gemaach. Eng Proufbuerung, bis op 430 Meter Déift, huet fir ee konkrete Standuert hei am Süden Donnéeën iwwert déi geothermesch Energie geliwwert. An den nächste Woche gëtt elo awer Detail gekuckt wou et iwwerall am Süde méiglech wier vun der mëtteldéiwer Geothermie ze profitéieren. Duerfir gëtt eng seismesch Reconnaissance gemaach, déi optimal Sitte fir wieder Proufbuerungen (déi bis 2000 Meter déif kënne ginn) ermëttele soll. No dëse Buerungen diert da gewosst sinn, op den Ënnergrond vum Minett genuch Energie bereet hält fir eis Regioun zukünfteg op eng nohalteg Manéier ze versuergen.
![]() |
![]() |
![]() |
D‘Etüd start elo am November
Op 3 ausgewielte Strecken am Rëmelenger Baseng, dee warscheinlech dat héchst Potential fir d’Gewanne vu geothermescher Energie huet, wäert eng spezialiséiert Firma mat Hëllef vu Geophoner a Vibrationscamionen en detailléiert Bild vum Buedem ënnert eise Féiss erstellen, fir ze determinéieren ob a wou sech d’Geothermie tëscht Esch an Diddeleng als Energiequell rentéiere kéint.
Méi Detailer iwwert de Projet kritt Dir iwwert dëse Link oder iwwert de Video hei ënnendrënner: