Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Minett Trail a Minett UNESCO Biosphere entdecken

Dir sidd an der Fuesvakanz heiheem an hutt awer e puer Deeg Zäit? Dann entdeckt d’Minett UNESCO Biosphere ze Fouss iwwert de Minett Trail.

De Minett Trail an Zuelen:

  • 90 Kilometer
  • 12 Etappen
  • 11 Kabaisercher
  • 9 Naturschutzgebitter
  • 8 Stied
  • 7 Dierfer
  • 1 Biosphärereservat

 

© Visit Minett

Fir Iech op Ärer Wanderung duerch d’Minett UNESCO Biosphere erëmzefannen, kënnt dir vun elo un de Minett Trail Guide bei VisitMinett bestellen. An dësem neie Guide, deen op Däitsch, Franséisch an Englesch ze kréien ass, sinn déi eenzel Etappe vum Wanderwee am Detail beschriwwen. Dir fannt de Startpunkt an d’Arrivée vun all Etapp, en Héichteprofil an de Guide bitt Iech Informatiounen zu den Highlighte vun all Deelstéck. Donieft proposéiert en Iech och nach eng Rei Plazen am Süde vu Lëtzebuerg, déi een a Kombinatioun mam Minett Trail entdecke kann, esou wéi och zwou Etappe vum Trail, déi sech besonnesch eegne fir se mat Kanner ze maachen.

Zousätzlech kritt Dir mam Guide och en Abléck an déi 11 Kabaisercher vum Minett Trail, vun deenen der aktuell scho 6 online kënne gebucht ginn, esou datt Dir och gemittlech méi ewéi just een Dag am eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat verbrénge kënnt.

De Minett Trail Guide kënnt dir ganz einfach a gratis iwwer Mail op info@visitminett.lu bestellen an Dir fannt e geschwënn och op ville touristesche Plaze vum Süden.

Zoom Minett – d’Esch2022-Regioun erliewen

Nieft dem Guide iwwert de Minett Trail ass och nach de Reesguide „Zoom Minett“ ze kréien, deen vun den Editions Binsfeld fir Esch2022 realiséiert gouf an deen Dir an all Librairie op Däitsch, Franséisch an Englesch fannt.

An dësem Guide kritt dir op 168 Säiten e weideren Abléck an d’Regioun. Beschriwwe ginn hei déi 11 Gemengen aus der Minett UNESCO Biosphere an déi 8 franséisch Gemengen aus dem Haut Val de l’Alzette, déi gemeinsam am leschte Joer europäesch Kulturhaaptstad waren.

Dëse touristesche Guide kascht 16,5€ a kann och online bestallt ginn.

© Esch2022 – Zoom Minett