Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Eric Thill op Besuch an der Minett UNESCO Biosphere

Dësen Dënschdeg, de 17. September war de Kulturminister Eric Thill an der Minett UNESCO Biosphere fir d’Aktivitéite vun dësem vun der UNESCO international unnerkannte Modellregioun fir nohalteg Entwécklung presentéiert ze kréien.

© Minett UNESCO Biosphere / Ministère de la Culture

Den 28. Oktober 2020 sinn déi eelef Gemenge vum PRO-SUD en Deel vum weltwäiten UNESCO “Man and the Biosphere” Netzwierk ginn. Ënnert dem Numm Minett UNESCO Biosphere ass d’Regioun elo Deel vun engem globalen Netzwierk dat 759 Biosphärereservater an 136 Länner regroupéiert.

De Kulturminister Eric Thill gouf am Ellergronn, dem Visiteurszenter a Sëtz vun der Biosphär, vum Comité vum Gemengesyndikat PRO-SUD an der Ekipp vun Biosphärereservat empfaangen. De But vu senger Visit war et,  en Iwwerbléck iwwer déi lafend Projeten ze kréien an zukünfteg Aktivitéite vun der Biosphär ze plangen.

Bei senger Visite huet de Minister Eric Thill ënnerstrach: „D’UNESCO Biosphere ass e aussergewéinleche Modell fir déi kulturell an touristesch Offer an de verschiddene Regioune vum Land. Duerch eng partizipativ an nohalteg Approche gëtt den natierlechen an historesche Patrimoine fir lokal Awunner an international Gäscht valoriséiert. Esou dezentraliséiert Initiativen ze stäerken a weider ze förderen ass eng vu menge Prioritéite.“

Déi eenzel Projeten vun der Minett Biosphere

D’Entwécklung vu kulturellen an touristeschen Offeren ass eng vun de Prioritéite vum Biosphärreservat. An enker Zesummenaarbecht mam ORT a Visit Minett ass e 90 km laange Wanderwee, de Minett Trail, mat 11 Iwwernuechtsungsméiglechkeeten, de Kabaisercher, entsanen, déi et erméiglechen d’Regioun op eng orginell Manéier z‘entdecken.

Grouss Wichtegkeet gëtt och op de pädagogesche Volet an d‘Abanne vun Jonker an den Ëmweltschutz geluecht. Finanzéierunge vum FNR a Kollaboratioune mam LIST erméiglechen Fuerschung an Monitoringprojete fir de Schutz vun der Biodiversitéit an Upassungen un d‘Auswierkunge vum Klimawandel ze realiséieren.

E Projet, deen direkt am Ufank vum Biosphärereservat gestart gouf, hat als Zil lokal Liewensmëttelproduzente an d‘Bevëlkerung ze vernetzen an déi lokal Populatioun fir lokal Liewensmëttelproduktioun ze sensibiliséieren. Den Austausch huet och zu enger verstäerkter grenziwwerschreidender Kooperatioun am Beräich vum gemeinsame kulturellen an natierleche Patrimoine gefouert.

D’Minett Bisophere als Motor vun der Tranistioun

Fir de Christian Weis, President vum Gemengesyndikat PRO-SUD, profitéiert d’Regioun vun der Unerkennung vun der UNESCO: „De Biosphäreprojet huet eis eelef Gemengen gestäerkt. Et gëtt eis net nëmmen d’Méiglechkeet den natierlechen a kulturelle Räichtum vum Minett iwwer d’Grenze vun eiser Regioun bekannt ze maachen. Dank eisem Statut als Biosphärereservat kënne mir als Industrieregioun, déi an der Reconversioun ass, e wichtege Bäitrag zur Transitioun vun eiser Gesellschaft op eng méi nohalteg Liewensweis leeschten.“

Während senger Visite konnt de Kulturminister selwer den industrielle Patrimoine an den natierleche Räichtum vun engem vun den eelsten Naturschutzgebidder zu Lëtzebuerg, dem Centre Nature et Forêt Ellergronn, gesinn. En plus hat hien och Geleeënheet fir sech am Gespréich mat de Kulturresponsabelen aus de Minetts-Gemengen auszetauschen.