Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Entdeckungstour an déi urban Biodiversitéit

Wann d’Natur de Wee an d’Stied fënnt

Endtdeckt déi urban Biodiversitéit zu Käerjeng, virun allem am Gréngsträifen tëscht der ZAE Robert Steichen an den urbaniséierte Quartieren.

Englesche Wues vs. Blummenwiss:

De Retour vun der “wëller Natur” an d’Stad gëtt net vun all Awunner begréisst. Et gëtt der, déi gefleegte Surfacen léiwer hunn ewéi déi spontan Vegetatioun. D’Bierger aus de Stied hinn net onbedéngt dee selwechte Bléck op d’Planzewelt ewéi déi nei Ëmweltpolitik. An awer huet d’Gestioun vu Gréngflächen, bei där eréischt méi spéit geméint gëtt, wou et Parkplaze ginn, ënnert deenen Waasser an de Buedem ka sickeren a wou och d’Wuesse vun engem klengem Djungel erlaabt ass, vill Virdeeler fir eise Planéit an eis Gesondheet. Dëst gëlt, zum Beispill, fir d’Loft- a Waasserqualitéit oder fir d’Verhënnere vun Iwwerschwemmungen an Hëtztinselen an de Stied.

Mir invitéieren iech, e Samschdeg, den 21. Mee um 15:00 Auer dobäizesinn a mat eis, am Kader vun engem zwou Stonne laange Spadséiergang duerch e grénge Korridor, d’Virdeeler vun ökologesche Grénganlagen z’entdecken a kennenzeléieren. Départ vum Tour ass de Parking vun der Käerjenger Gare, op der Kräizung vun der Rue de la Continentale mat der Zone op Zaemer.

D’Malika Pailhès, eng atypesch Wëssenschaftlerin, Cofondatrice vu Sound-Ecology, Master an der Biologie a Bachelor an der Sonderpädagogik, begleet eis op dësem Ausfluch.

Umelle kënnt dir iech hei:

MiNELL: Urban Biodiversitéit