Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
quote quote

Entdeckt de Minett vu bannen

Mellt iech elo nach un, fir dëse Samschdeg, am Kader vun den Geodiversity Days méi iwwer déi aussergewéinlech Geologie vum Minett gewuer ze ginn.

   
Klickt op d’Bild fir Iech unzemellen

De Minett ass den nërdlechen Ausleefer vum grousse loutrengeschen Eisenäerzbaseng, dee mat enger Ausdeenung vu ronn 100 Kilometer Längt an 20-30 Kilometer Breet eng vun de gréissten Oflagerunge vun Eisenäerz ass, déi nom Entstoe vun der Sauerstoffatmosphär vun eisem Planéit entstane sinn.

Um Territoire vu Lëtzebuerg leien zwee kleng Ausleefer vun dësem Eisenäerzlager, nämlech den Déifferdenger an den Escher Baseng. Schonn an der Eisenzäit ass hei Bohnerz gesammelt a verschafft ginn. Kleng ënnerierdesch Exploitatioune gouf et warscheinlech och schonn. Duerch den héije Gehalt u Phosphor an der Minett ass awer eréischt no der Aféierung vun der Thomas-Prozedur Enn vum 19. Joerhonnert den Ofbau esou richteg gestart ginn.

Bis nom zweete Weltkrich ass de Groussdeel vun der Minett aus Galerie geholl ginn. Duerno ass bis Enn vun den 1970er Joren och zousätzlech am Dagebau geschafft ginn, woubäi ze bemierken ass, datt déi gréissten Dagebaugebitter aus dem Land ëstlech vun Esch entstane sinn.

1981 ass mam Thillebierg déi leschte Minn am Minett zougemaach ginn, déi lescht Galerie, an där nach Minett ofgebaut gouf, huet 1997 hir Dieren zougemaach. Dat war d’Minn vun den Terres Rouges zu Däitsch-Oth, kuerz hannert der Lëtzebuergesch-Franséischer Grenz, déi bis dohinner nach d’Héichiewen op Esch-Belval beliwwert huet.

Wéi ass d’Minett entstanen?

Den Numm Minett ass en Diminutiv vum franséische Wuert „mine“ a verweist op de relativ nidderege Gehalt un Eisen an de Steng. Iwwerdeems d’Wuert a Frankräich just benotzt gouf fir d’Eisenäerz ze bezeechnen, hu mer zu Lëtzebuerg eng ganz Regioun no deene roude Steng benannt.

D’Entstoe vum Eisenäerzbaseng, seng geologesch Besonneschkeeten an déi verschidden Zorte vu Minett, déi iwwer Millioune Joren an eiser Géigend ofgelagert goufen, kritt dir am Kader vun enger Visite Guidée vu ronn 2 Stonnen dëse Samschdeg erkläert.

De Geologiesexpert Romain Meyer, deen aktive Member an der Association géologique du Luxembourg ass, hëlt iech mat d’Vergaangenheet vun eiser Regioun a weist an der Galerie vun der Minièresbunn Doihl mat konkrete Beispiller firwat d’Mineuren zu Lëtzebuerg vu grénger, rouder oder schwaarzer Minett geschwat hunn. Doriwwer eraus erkläert hien, wat esou besonnesch un der Minett ass a zeechent d’Geschicht vun hirer Oflagerung am Detail no.

Wéi ass d’Minett ofgebaut ginn?

Dës Fro beäntweren d’Mataarbechter vun der Minièresbunn Doihl. Dëse Veräin, deen 1990 gegrënnt ginn ass, organiséiert reegelméisseg Visitten an der Galerie tëscht dem Doihl a Lasauvage. Nieft der Rees an enger Minièresbunn, déi vum Veräi kaf a restauréiert goufen, proposéiere si och nach en Halt an der Galerie, wou Dir gewise kritt, ënnert wéi eng Konditiounen a mat wéi engem Material an der aller MMR-A Minn geschafft gouf.

Am Uschloss un déi geologesch Explikatiounen an d’Demonstratioune vun der Aarbecht an der Minn hutt Dir doriwwer eraus nach d’Méiglechkeet an de Musée Eugène Pesch ze goen, wou net just mat Hëllef vu Fotoen an aneren Dokumenter den Aarbechtsalldag vun de Mineuren nach eng Kéier gewise gëtt, mä wou Dir och den Eugène Pesch seng impressionnant Sammlung u Fossilien entdecke kënnt, déi hien am Laf vu sengem Liewen aus de Galerien an Dagebaugebitter ronderëm Déifferdeng gesammelt huet. Eng Sammlung, déi engem d’Entstoe vun der Minett nach emol besser verdäitleche kann.

Umeldung an Accès

Den Depart vun dëser geologescher Entdeckungrees ass um Carreau Minier vu Lasauvage. Vun hei geet et fir d’éischt mat der Minièresbunn an den Doihl, wou Dir d’Anlage vun der Minièresbunn Doihl gewisen an erkläert kritt an duerno zeréck an d’Minn.

Um Réckwee op Lasauvage gëtt an der Galerie Statioun gemaach fir weider Explikatiounen an duerno steet nach de Besuch am Musée Eugène Pesch oder e gemittleche Patt an der Brasserie de la Mine zu Lasauvage um Programm.

Um Carreau Minier sti genuch Parkplatzen zur Verfügung. Et besteet awer och d’Méiglechkeet mat Zuch a Bus op d’Plaz ze kommen. Hei fannt Dir den Itineraire aus der Stad an hei fannt dir den Itineraire vun Esch aus.

Fir gratis un dëser Manifestatioun vun den Geodiversity Days 2023 zu Lëtzebuerg deelzehuelen, geet et duer wann Dir Iech just am Virfeld mat enger E-Mail umellt. Denkt awer wgl. drun, datt d’Duerchschnëttstemperatur an de Lëtzebuerger Minne bei ronn 11°C läit. Et ass deemno wichteg, datt dir eng waarm Jackett a fest Schong bei dëser geologescher Entdeckungsrees unhutt.

© Pulsa Pictures & Tom Wies