Job-Contact Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten
arrow
quote quote

E franséischt Biosphärereservat laanscht d’Grenz mam Minett?

An engem Reportage fir seng Lokalnoriichten huet den ëffentlech-rechtleche Fernsehsender France 3 de Projet vun der Communauté de communes Pays Haut Val d’Alzette (CCPHVA) virgestallt, mat deem dat natierlecht Ierwe vun der Regioun valoriséiert soll ginn an d’Regioun Deel vum weltwäite Reseau vun den UNESCO-Biosphärereservater kéint ginn. 

© Minett UNESCO Biosphere

D’Iddi de Projet ze lancéieren 

Am Joer 2020 gouf zu Lëtzebuerg d’Minett UNESCO Biosphere vun der UNESCO unerkannt. De Veräi Micheville à Ciel Ouvert huet doropshin d’Méiglechkeet analyséiert, eng änlech Unerkennung fir dat franséischt Grenzgebitt, an dësem Fall den Espace Naturel Sensible vu Micheville, ze kréien. Dëse Projet gëtt vun den Delegéierte vun der CCPHVA ënnerstëtzt a kann esou op e staarke politesche Support bauen. Esou eng Unerkennung géif en Territoire an de Fokus setzen, deen sech doduerch charakteriséiert, datt d‘Natur al Industriefrichen rekolonialiséiert huet an deen haut eng aussergewéinlech Biodiversitéit opweises huet. Dem Sébastien Rehibi, Vizepresident vun der CCPHVA, no, géif dës Unerkennung de lokale Stolz stäerken an den natierlechen a kulturelle Patrimoine vun der Regioun valoriséieren. 

De vun der UNESCO ënnerstëtzte Weltreseau vu Biosphärereservater encouragéiert den Austausch vun Iddien, Léisungen, beschte Praktiken a Wëssen. En ënnerstëtzt d’Zesummenaarbecht, den Austausch vun Erfarungen an d’Erstelle vun edukativem Material. De Reseau ass op verschiddene geographeschen Niveauen aktiv an organiséiert och Konferenzen a Formatiounen.

Etude de faisabilité 

D’CCPHVA huet vun der AGAPE eng Etude de faisabilité maache gelooss, déi vun der Clémence Blanckaert, enger Masterstudentin am MAB-Programm (Man and the Biosphere), duerchgefouert gouf. Dës Etüd hat de But: 

  • ze préiwen, ob d’Critèrë fir eng Unerkennung als Biosphärereservat erfëllt sinn; 
  • en Inventaire vum natierleche Patrimoine ze maachen; 
  • déi aktuell Kenntnisser iwwert d’Regioun z’analyséieren; 
  • méiglech Grenze vum Biosphärereservat ze definéieren; 
  • d’Bevëlkerung anzebezéien an de Projet an Zesummenaarbecht mat lokale Partner ze entwéckelen.

 

Biergerbedeelegung

E Biosphärereservat lieft vun der aktiver Participatioun vun der lokaler Bevëlkerung. Zwee partizipativ Ateliere goufen am Juni a Juli 2023 zu Villerupt an zu Boulange organiséiert, fir d‘Konzept virzestellen an Theme wéi Liewensqualitéit, kulturell Identitéit, Landschaft an Ëmwelt ze diskutéieren. Donieft gouf am Joer 2023 eng Online-Ëmfro realiséiert, fir Meenungen a Feedback vun der Populatioun ze sammelen. 

Déi nächst Etappen

Dës Efforten hunn d’Grondlag vun engem kohärente Kandidatursdossier fir eng Unerkennung als UNESCO-Biosphärereservat geluecht. Am Moment gëtt un der finaler Definitioun vun de Kärzonen an un der Realisatioun vum Dossier de candidature geschafft. 

Soubal d’Unerkennung offiziell ass, kënne d’Regioun am Norde vun der Lorraine an d’Minett UNESCO Biosphere déi néideg Schrëtt an d’Weeër leeden, fir e grenziwwerschreidend Biosphärereservat ze grënnen.

Hei kënnt dir de Reportage vu France 3 gesinn.