Minett Mash-Up: De Podcast iwwert eis Regioun TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

De Mister Dagebaugebitter

An eiser Serie, déi déi eenzel Experte virstellt, déi den 23. a 24. Abrëll beim Minett Beyouthsphere Youth Forum zu Lasauvage dobäi sinn, steet elo den drëtte Wëssenschaftler am Fokus.

Wann Dir no engem Spezialist fir déi historesch, aktuell an zukünfteg Ëmweltsituatioun vum Minett sicht, da fënnt ee kee Besseren ewéi de Jan Herr. Duerfir si mir houfreg hien als eisen drëtte Minett Beyouthspere Expert unzekënnegen!

Zënter 2009 um Terrain

De Jan ass zënter 2009 fir de Schutz an Erhalt vun der Ëmwelt am Minett engagéiert. Nodeems hien a Schottland an Amerika Zoologie studéiert huet, hunn seng enk Kontakter a Verbindunge mat Lëtzebuerg hien zréck an d’Land gefouert, wou hien elo als Natura-2000 Area Manager bei der ANF – Administration de la nature et des forêts schafft.

Dem Jan seng aktuell Aarbecht bei der ANF konzentréiert sech op d’Gestioun vu villen Naturschutzgebidder uechter Lëtzebuerg, souwuel national Schutzzonen, ewéi och ausgewisen Natura 2000 Sitten. Dës Aarbecht ass enorm a vu grousser Wichtegkeet. Et geet drëms geziilt fir déi natierlech Biodiversitéit ze fërderen andeems d’Zesummespill tëscht Natur, Tourismus, lokale Gemeinschaften, urbanen Aktivitéiten an dem Patrimoine mat consideréiert gëtt. E rezent a gutt Beispill fir d’Minettregioun ass d’Conservatioun vun den eenzegaartegen natierlechen Dréchewisen an der Regioun an de Schutz vun der Populatioun vu rare Vullenzorten. Dës Mesurë sollen et zousätzlech erméiglechen de Bestand vu rare Vullenzochten, déi um Buedem bréien ze stabiliséieren oder ze steigeren.

Dem Jan seng Aarbecht spaant am Fong e grousse Bou: hie plangt an initiéiert déi entspriechend Moossnamen, hien observéiert wéi se ëmgesat ginn a wéi se viruginn, a schliisslech gesäit hien d’Friichte vu senger Aarbecht als kloer Resultater. Et ass also eng zefriddestellend Aarbecht, déi hie motivéiert, sech och an Zukunft virun z’engagéieren. De Jan freet sech fir säin detailléiert Wëssen iwwer d’Gestioun vun Naturschutzgebitter op de Forum ze bréngen an et do mat de Participanten ze deelen!

Umeldung fir de Jugendforum ass nach méiglech

Wann Dir tëscht 17 an 29 Joer al sidd a gäre mam Jan Herr u spezifesche Moossnamen zesummeschaffe wëllt, fir d’Biodiversitéit am Süde vu Lëtzebuerg ze schützen an ze erhalen oder ze verbesseren an ze restauréieren, da mellt Iech nach séier fir de Minett Beyouthsphere Jugendforum un a gitt Deel vum Changement.

Klickt hei fir op den Aschreiwungsformular ze kommen!