Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

De geologesche Circuit Giele Botter

Zënter Juli 1991 gëtt et am Naturschutzgebitt Prënzebierg en amenagéierte geologeschen Trëppeltour mam Numm „Circuit Giele Botter“. Et war deen éischte geologesche Circuit zu Lëtzebuerg. An de Joren duerno si mam Circuit an der Péitruss an der Stad, dem „Mir ginn op d’Grouf“ zu Stolzebuerg an dem grenziwwerschreidende „Geologischer Lehrpfad Machtum-Nittel-Wellen“ weider geologesch Circuiten dobäikomm. De Circuit um Giele Botter ass ongeféier 3 Kilometer laang a leeft laanscht d’Fielswänn vum fréieren Dagebau.

Déi éischt Konzessioun fir um Prënzebierg Minett ofzebauen ass am Joer 1870 vergi ginn an an den 30er Jore vum 20. Joerhonnert ass um Giele Botter intensiv Minett aus Galerien erausgeholl ginn. Den Dagebau huet nom Zweete Weltkrich ugefaangen an ass 1977 zu Gonschte vu méi bëllegen Äerzer mat méi Eisen, déi aus dem Ausland importéiert goufen, agestallt ginn. Zënter dem 20. November 1991 ass eng Surface vun 255 Hektar um Prënzebierg als nationaalt Naturschutzgebitt klasséiert an ass och Deel vum europäeschen Netzwierk vun den Natura 2000 Gebitter. Zënter Oktober 2020 ass d’Gebitt zousätzlech och eng vun de Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere.

 

An enger rezenter Publikatioun vu Fuerscher aus dem Naturmusée gëtt de geologesche Circuit am Detail analyséiert. De Robert Weis, de Ben Thuy an de Laurent Garbay liwweren an hirem Artikel interessant Informatiounen iwwert d’Geologie vum Giele Botter. De kompletten Artikel, deen am „Bulletin de la SNL“ publizéiert ginn ass, fannt Dir hei.