Ronn 20 Leit ware bei der éischter Akitivitéit vum MiNELL, dem Minett Natur an Ëmwelt LéierLab, leschte Sonndeg de Bësch schmaachen.
Ganz am Ufank vum Fréijoer ass de Bësch amgaange waakreg ze ginn. D’Kraiderpedagogin Christiane Laures wousst awer, datt et och elo scho Planze gëtt, mat deenen ee lecker Saache kache kann.
Am Kader vum Atelier gouf et fir d’éischt Erklärunge vun der Expertin, duerno ass dee ganze Grupp op Entdeckungsrees an de Bësch vum Ellergronn gaangen. Si hunn déi Planze gesammelt, déi de Bësch schonn unzebidden huet. Dës sinn duerno gemeinsam preparéiert, gekacht a genoss ginn. Um Menü stoungen esou ënnerschiddlech Saachen ewéi Wuerzelen, éischt Kraider, déi elo schonn do sinn, an Hieselter-Bléien.
Den Atelier “De Bësch schmaachen” gëtt am Laf vum Joer nach zwee Mol organiséiert. D’Summereditioun ass den 20. Juli an de 26. Oktober ass de Rendez-vous am Hierscht.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |