Minett Mash-Up: De Podcast iwwert eis Regioun TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

City Nature Challenge 2023

De City Nature Challenge (CNC) ass vun der California Academy of Sciences an dem Los Angeles Museum of Natural History an d’Liewe geruff ginn. Et ass e Citizen-Science-Projekt, an deem et haaptsächlech drëms geet urban Biodiversitéit ze dokumentéieren an d’Awunner vu Stied op d’Natur, déi se entouréiert ze sensibiliséieren (och bekannt als Bioblitz). De Projet ass ewell als weltwäiten Challenge konzipéiert, fir erauszfannen, wien déi meescht Observatioune mécht, déi meescht Aarten identifizéiert oder wou déi meescht Leit matmaachen. De Projet gouf 2016 gestart an ewell huelen iwwer 400 Regiounen op der ganzer Welt drun deel.

D’Ziler vum CNC

  • Mënschen an urbane Gebitter mat hirer lokaler Natur ze verbannen
  • Mënschen zesummebréngen: eng perséinlech an Online-Community ronderëm déi lokal Natur ze schafen
  • Daten iwwert déi urban Biodiversitéit ze sammelen, déi fir d’Fuerschung ronderëm, de Management an d’Erhale vun dëser Biodiversitéit genotzt kënne ginn
  • Déi benevolen Dokumentatioun vun der Biodiversitéit weltwäit auszebauen
  • Spaass am Kader vun engem frëndschaftleche Concours ze hunn!

 

Den CNC zu Lëtzebuerg

Dennaturmusée‘ ass den nationale Koordinator vun all de Manifestatiounen, déi queesch uechtert d’Land organiséiert ginn. D’Minett UNESCO Biosphere organiséiert dëst Joer keng eege Manifestatioun, mä jidderee dee wëll, däerf beim CNC2023 matmaachen.