Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Building More Resilient Cross-border Regions

De GECT Alzette Belval, de Pôle Métropolitain Frontalier du Nord Lorrain a PRO-SUD hunn an der leschter Woch zwee Deeg laang eng Delegatioun vun der OECD empfaangen, fir sech am Kader vun enger Visitt um Terrain mat hinnen auszetauschen. Den Hannergrond ass eng Etüd, déi hëllefe soll grenziwwergräifend Mechanismen ze verbesseren.

D’Grenzregioun tëscht Frankräich a Lëtzebuerg ass nämlech eng vun den dynameschste Regiounen an Europa, virun allem an de Beräicher vun Aarbechtsmarché an der Mobilitéit.

Hannergrond vun der Etüd:

De 25. Februar hunn déi Europäesch Kommissioun an den OECD-Zentrum fir Entreprenariat, kleng a mëttel Entreprisen, Regiounen a Stied zu Bréissel offiziell de Projet “Building more resilient cross-border regions” gestart. De Projet, dee 15 Méint laang dauert, soll transnationale Regiounen dobäi hëllefen hir Resilienz ze stäerken an d’Wuelbefanne vun de Bierger ze verbesseren. Et gëtt ënnersicht, wéi administrativ Accorden op verschiddenen Niveauen an déi gemeinsam Entwécklung vu Strategien an ëffentleche Servicer Regiounen, déi sech iwwer Landesgrenzen eraus erstrecken, dobäi hëllefe kënnen gemeinsam Entwécklungsziler z’erreechen.

De Projet schafft mat fënnef Pilotregiounen zesummen, fir esou Aktiounspläng z’entwéckelen. Doriwwer eraus soll en analytescht Instrument entwéckelt ginn, wat anere Regiounen dobäi hëllefe kéint, fir hir grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht ze verbesseren. D’Partner, déi an de 5 Pilotregiounen un dësem Projet deelhuele sinn:

  • Andorra, Frankräich a Spuenien: Comunidad de Trabajo de los Pirineos Communauté de Travail des Pyrénées.
  • Belsch a Frankräich: Eurométropole Lille-Kortrijk-Tournai.
  • Frankräich a Lëtzebuerg: GECT Alzette Belval, Pôle Métropolitain Frontalier du Nord Lorrain & PRO-SUD.
  • Litauen a Polen: De Veräin “Euroregion Niemen” an d’Gemeng Alytus.
  • Portugal a Spuenien: AECT Rio Minho

 

© PRO-SUD / Isabelle Renoir