Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

20 Joer PRO-SUD – Georges Mischo (2022/2023)

Gemeinsam géint de Klimawandel virgoen

Am Juli 2022, gëtt de Georges Mischo President vu PRO-SUD. Den aktuelle President wëll déi existent Projete vum Gemengesyndikat, wéi d’Koordinatioun vun der Minett UNESCO Biosphere, weiderféieren a verdéiwen an den Accent op grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht leeën. Dës Kollaboratioun soll virun allem an de Beräicher Mobilitéit a Kultur spillen, andeems d’Acquise vun Esch2022 – Europäesch Kulturhaaptstad an enger grenziwwerschreidenden Territoire erhale bleiwen.

 

Am Kader vun der Vision Territoriale Minett UNESCO Biosphere, déi zesumme mam Ministère fir Landesplanung an de Membergemengen erstallt gouf, entsteet aus der Iddi d’Südregioun bis 2050 CO2-neutral ze maachen eng „Déclaration d’intention“ fir eng dekarboniséiert Regioun, déi um 20. Gebuertsdag vum Gemengesyndikat, den 21. Abrëll 2023, ënnerschriwwe gouf.

„Dëst ass eng schéi Perspektiv fir eis Struktur, där hir Missioun et vun Ufank u war e regionalen Entwécklungsprojet ze realiséieren“, esou de Georges Mischo.