Weiderbildung & Konferenzen
IFEN Formatioun: Biodiversitéit vun der Minett UNESCO Biosphere
IFEN-Formatioun organiséiert vum MiNELL – Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab
Datum(er)
Dës Formatioun verbënnt eng kompakt Aféierung an d’Natur- a Kulturlandschaft vun der Minett UNESCO Biosphere mat enger Excursioun an al Dagebaugebidder. Am Mëttelpunkt stinn d’Biodiversitéit, charakteristesch Liewensraim a praktesch Iddie fir den Asaz am Unterrecht.
Wat erwaart d’Participanten?
D’Participante kréien eng Aféierung an d’Besonneschkeete vun der Minett UNESCO Biosphere a léieren d’Biodiversitéit vun de fréieren Dagebaugebidder kennen. Dobäi observéieren si charakteristesch Liewensraim wéi Dréchewisen, Fielsbiotoper a Bëscher a léieren ausgewielten Déieren- a Planzenaarte kennen, dorënner Orchideeën, wëll Beien, Päiperleken, Reptilien an d’Bëschléierchen. Ausserdeem kréien si Ureegungen, wéi naturpedagogesch Aktivitéite mat Schoulklasse kënnen organiséiert an an den Unterrecht integréiert ginn.
Zil vun der Formatioun
D’Participante kréie Wëssen a praktesch Iddien, fir zesumme mat Schüler:innen d’Natur vun den alen Dagebaugebidder z’entdecken. Si léieren ekologesch Zesummenhäng am Terrain z’observéieren, typesch Aarten a Liewensraim z’erkennen an d’Theeme Biodiversitéit an nohalteg Entwécklung am Unterrecht opzegräifen.
Zilpublikum: Léier- an Erzéiungspersonal aus dem Fondamental (Zyklus 2–4) an dem Secondaire
Information de contact pour cet événement
Téléphone: +352 24 77 59 80
E-mail: christine.winandy@ifen.lu
Internet: https://ssl.education.lu/ifen/catalog/course/296275
Organisateur
Minett UNESCO Biosphere