Minett Mash-Up: Der Podcast über unsere Region TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Urban Sketches Minett

Mir stelle vir: d’Malou Mathieu

D’Malou ass Urban Sketcher a preparéiert am Moment e Buch vu ronn 170 Säite mat Zeechnunge vum Minett.

Dowéinst war si elo och viru Kuerzem am Ellergronn, wou d’Minett UNESCO Biosphere jo och hir Büroen huet. An deem Buch iwwert de Minett wäerten Zeechnunge vun industrielle Gebaier, Zeechnunge vum architektonesche Patrimoine vun de Minetter Gemengen an Zeechnunge vun den Naturschutzgebitter, déi aus den alen Dagebaugebitter entstane sinn, e komplett Bild vun der Regioun weisen. D’Iddi fir esou en Hommage un de Lëtzebuerger Süden hat d’Malou Mathieu scho virun enger Zäitchen.

Vun der Iddi bei de Projet

Et war eng Iddi mat e puer Komponenten, erkläert d’Kënschtlerin. Ganz am Ufank sollt d’Buch mat engem Kolleg entstoen. Dat gouf näischt an och en zweeten Ulaf hat net geklappt. Well d’Malou Mathieu deen Ament awer schonn eng ganz Rei Zeechnunge vum Minett hat, huet si sech decidéiert d’Buch eleng an Ugrëff ze huelen.

Konkret gouf de Projet am Laf vun de leschte gutt 12 Méint an zënter dem Start vum Joer ass d’Molerin intensiv amgaangen Zeechnungen ze maachen fir hiert Buch.

Material fir ronn 170 Säiten

(c) Malou Mathieu

Fir déi ronn 170 Säite brauch d’Urban Sketcherin Malou Mathieu natierlech vill Material. Am Ganze wäerten eng 400 Zeechnungen, dovunner ronn 250 grouss Biller an eng ganz Rei vu méi klengen Detailzeechnungen.

Publikatioun am Fréijoer 2022

Eppes iwwert d’Hallschent vun den Zeechnungen ass gemaach an d’Zäit leeft, well d’Buch soll, och wann et kee Projet am Kader vun Esch2022 ass, méi oder manner mam Start vum Kulturjoer am Minette rauskommen.

Ganz eleng ass d’Malou Mathieu schlussendlech awer net ënnerwee fir hire Projet ze realiséieren. Bei den Texter, déi d’Biller am Buch begleeden, hëlleft d’Sue Scarano an ëm de Layout bekëmmert sech d’Imprimerie Heintz, déi d’Buch dann och wäert drécken.

Esou bal d‘Urban Skteches vum Minett disponibel sinn, wäerte mir iech hei driwwer um Lafenden halen.

(c) Malou Mathieu