Mission Zéro Carbone Pädagogische Aktivitäten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Obst aus Minetter Obstgärten
arrow
quote quote

Réserve de biosphère Moselle Sud

Virun e puer Deeg huet d’Minett UNESCO Bisophere en neien Noper kritt. Nieft der Biosphär Bliesgau am Saarland gëtt et elo och eng wieder UNESCO Biosphär an der franséischer Regioun Grand Est. Am Kader vun der järlecher Reunioun vum zoustännege Koordinatiounscomité ass d’Kandidatur vun der Regioun tëscht Château-Salins am Westen an Dabo am Osten zeréck behale ginn.

A Frankräich gëtt et domat elo 16 Biosphärereservater, déi zum weltwäiten Netz vum UNESCO-Programm „Man and the Biosphere“ gehéieren.

D’Iddi um ieweschte Laf vun der Musel e Biosphärereservat ze kreéieren ass 2016 entstanen. No 4 Joer konnt den Dossier mat der Kandidatur dunn Enn 2020 agereecht ginn. D’Géigend tëscht dem Dall vun der Seille am Westen an den éischten Hiwwele vun de Vogesen am Osten, mat an hirem Zentrum dem landwirtschaftlech genotzten Deel vum Dall vun der Saar, ass knapp 1400 Quadratkilometer grouss. Déi 138 Gemengen, mat hire ronn 76000 Awunner, kënnen, mam Statut als UNESCO Biosphär, elo ufänken de luesen Tourismus, d’Ëmweltedukatioun an déi nohalteg Landwirtschaft ze fuerderen.

Source: Dossier de présentation de la Réserve de biosphère Moselle Sud

Schützenswäert sinn am Biosphärenreservat „Moselle Sud“ d’Séien- a Weierlandschaften am Kär vum Gebitt, déi am Laf vun de leschte Joerhonnerten entstane sinn, fir Akerland ze entwässeren. Haut ginn dës Gewässer dacks fir d’Ziichte vu Fësch benotzt. Iwwer 200 verschidden Zorte Vullen an eng Rei, deels ganz seelen Amphibien, hunn genee hei hiert Doheem fonnt.

Etang du Stock; Photo: Musicaline; Licence: CC-BY-SA-4.0; Source: Wikipedia

Déi nei UNESCO Biosphär besteet awer och zu ronn 50% aus Bëscher an deenen net manner ewéi 14 verschidde Flantermauszorte liewen.

Château de Lutzelbourg; Photo: pernmith; Licence: CC-BY-SA-2.0; Source: Wikipedia

Mat der Unerkennung vun 20 neie Biosphärereservate weltwäit ass d’Zuel vun de Schutzzonen, déi am UNESCO Programm „Man and the Biosphere“ zesummegeschloss sinn, elo op 727 an 131 Länner an d’Luucht gaangen. Nei Staaten, déi elo zum Reseau gehéieren, sinn de Lesotho, Libyen a Saudi-Arabien.