Mission Zéro Carbone Pädagogische Aktivitäten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Obst aus Minetter Obstgärten
arrow
quote quote

Brittesch Botschafterin an der Biosphär

Leschte Freideg war, hir Exzellenz Fleur Thomas, brittesch Ambrassadrice zu Lëtzebuerg, op offizieller Visitt an der Minett UNESCO Biosphere. A klengem Krees gouf d’Diplomatin duerch den Naturschutzzenter Ellergronn gefouert a krut d’Geschicht an d’Bedeitung vun der Minett UNESCO Biosphere erkläert, éier hir Exzellenz sech am Musée vun der Minn Cockerill nach e Bild iwwert de Biergbau an d’Stolindustrie zu Lëtzebuerg konnt maachen.

© Pro-Sud / Yann Logelin

No dëser Visitt am Musée huet de Responsabele vum Naturschutzzentrum Ellergronn, Pol Zimmermann, der Botschafterin nach d’Kärzon Ellergronn vun der Minett UNESCO Biosphere gewisen. Uschléissend krut déi brittesch Diplomatin eng Corbeille mat lokale Produiten aus dem éischte Lëtzebuerger Biosphärereservat.

© Pro-Sud / Yann Logelin

Den zweeten Deel vun der offizieller Visitt vun der brittescher Ambassadrice war dunn op der Zowaasch an der Gemeng Déifferdeng. De Landesplanungsminister, Claude Turmes, a Vertrieder vum Déifferdenger Schäffen- a Gemengerot hunn d’Botschafterin virun der aler Zowaascher Schoul am Empfang geholl fir si hei ausféierlech iwwer regional an transnational Projeten am Beräich vun der nohalteger Liewensmëttelproduktioun z’informéieren.

© Pro-Sud / Yann Logelin

Fir sech bessert Bild iwwert dës Initiativen ze maachen, hunn de Minister a Vertrieder vum Projet „Territoire Naturel Transfrontalier“ d’Fleur Thomas mat op de „rouden Haff“ geholl, fir hir hei um Terrain déi zukünfteg Projeten z’erklären.

Zeréck zu Lasauvage hunn déi Responsabel vun der Minett UNESCO Biosphere nach vun der Visitt vun der brittescher Botschafterin profitéiert fir hir, a Presenz vun der Architektin Anouck Pesch, de Gîte vu Lasauvage ze weisen, deen den Ament fir de Minett Trail amenagéiert gëtt. Mam Minett Trail, engem 90 Kilometer laange Wanderwee duerch déi 11 Pro-Sud-Gemengen, déi och gemeinsam Esch 2022 – europäesch Kulturhaaptstad – organiséieren, soll vun Abrëll 2022 un den nohaltegen Tourismus am Süde vu Lëtzebuerg gestäerkt ginn.

© Pro-Sud / Yann Logelin

De leschte Punkt vun der Visitt leschte Freideg, virum Retour vun der Ambassadrice an d’Stad, war e kuerze Spadséiergang duerch Lasauvage, déi wuel charakteristescht Biergaarbechteruertschaft vum Land.