Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
quote quote

Presentatioun vum Interreg-Projet ATRACT-AB

   

 

Den Dënschdeg, 14. Mee 2024, hunn d’CCPHVA (Communauté de Communes Pays Haut Val d’Alzette), de Gemengesyndikat PRO-SUD und d’Stad Esch an der Arche zu Villerupt en éiergäizege Kulturprojet virgestallt: ATRACT-AB (Accompagner la TRAnsition du secteur Culturel dans le Territoire transfrontalier Alzette-Belval).

Dëse Projet gouf an Zesummenaarbecht mat eise lokalen a grenziwwerschreidende Partner entwéckelt an dauert dräi Joer. Mat engem Gesamtbudget vun 1.145.588,30 €, finanzéiert duerch den Interreg-Programm iwwer d’Zone fonctionnelle GECT Alzette Belval, soll d’Initiativ en ökologesch verantwortlechen a grenziwwerschreidende Kulturprogramm schafen an Instrumenter entwéckelen, déi d’Ökologiséierung vum Kultursecteur fërderen. De Projet soll d’Awunner vun der franséisch-lëtzebuerger Grenzregioun fir d’Transitioun sensibiliséieren a gläichzäiteg d’Zesummenaarbecht stäerken.

Eis Ziler si kloer:

  • Eng ökologesch verantwortlech a grenziwwerschreidend kulturell Programméierung als direkt Ierfschaft vun Esch2022 – Europäesch Kulturhaaptstad opbauen, Sensibiliséierung fir d’Transitioun schafen an d’Zesummenaarbecht fërderen.
  • Wëssen a prakteschen Tools fir d’Ökologiséierung vum Secteur (Plattformen, Toolbox, Formatiounen) entwéckelen.
  • Déi grenziwwerschreidend kulturell Zesummenaarbecht duerch d’Schafe vun engem Netzwierk stäerken an d’Formatioun vun den Acteuren ënnerstëtzen, iwwerdeems Barrièren, déi d’Kooperatioun schwiereg maachen, sollen ewech geholl ginn.

 

Fir dës Ziler z’erreechen, enthält de Kulturprogramm vun der CCPHVA wichteg Projete wéi:

  • “Les planètes”: Eng grenziwwerschreidend Koproduktioun vun der Compagnie Eddi van Tsui (Lëtzebuerg) an der Musekschoul DIAPASON (Frankräich). D’Zil ass et eng beräicherend musikalesch Erfarung ze kreéieren an zu enger gemeinsamer Reflexioun iwwer dat kënschtlerescht Schafen an d’Zesummeliewe bäizedroen.
  • “Autour de l’eau”: E Summerevenement, dat d’Bierger ronderëm Ëmweltsujeten zesumme bréngt, mat Sensibiliséierungs-Atelieren am Dag a kënschtlereschen Optrëtter owes laanscht d’Uelzecht.
  • “Les marchés du NEST”: Geleeënheet fir lokal Produiten ze kafen, Opféierungen ze gesinn a Rencontere mat lokale Schauspiller ze maachen.
  • “Les Stammdësch du collectif Le Gueuloir”: Rendez-vous mam Zil, all d’Stëmmen aus der Regioun ze Wuert kommen ze loossen, duerch eng artistesch Präsenz (Auteurinnen an Auteuren) bis hin zu enger Inzenéierung mat professionelle Schauspiller. D’Fuerschungsgebitt vun den Auteure wäerten Duerf- oder Quartiersbistroe sinn.

 

© Emile Hengen / Ville d’Esch-sur-Alzette

Déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht

Donieft engagéiert sech de Gemengesyndikat PRO-SUD an Zesummenaarbecht mam Kulturservice vun der Stad Esch fir d’Formatioun vum Kultursecteur an d’Weiderféiere vun der elo.lu Initiativ, déi och am Kader Esch2022 entstanen ass, souwéi fir eng efficace Kommunikatioun um regionalen a grenziwwerschreidend Niveau. D’Stad Esch-Uelzecht iwwerhëlt d’Entwécklung vu Richtlinne fir Kulturinstitutiounen a Formatioune fir de Secteur méi nohalteg ze maachen, souwéi d’Entwécklung vun enger Online-Plattform fir Ëmweltbewäertungen auszeschaffen. Dës Fuerschungsaktivitéit schreift sech an de Kader vun de strategesche Prioritéiten an, déi vum Kulturministère mam Kulturentwécklungsplang definéiert goufen, a passt bei d’Prioritéite vun der Mission Net Zero, déi am Abrëll 2023 vun den 11 Gemenge vum PRO-SUD lancéiert gouf. Zousätzlech wäert den Interreg-Projet ATRACT-AB Partnerschafte mat wichtegen Acteuren an der regionaler an nationaler Kulturzeen sichen. D’Theaterfederatioun soll methodologesche Partner am Projet ginn.

Bei der Presentatioun vum Projet war de Patrick Risser, President vun der CCPHVA, iwwerzeegt: “Dëst ass e weidere villverspriechende Projet fir eng grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht an de Rapprochement vun eisen Territoiren. Kultur war d’Basis vun eisem Austausch mat Lëtzebuerg am Joer 2022, haut ass et de Startpunkt vun eisen Iwwerleeunge fir eng gemeinsam a resilient Zukunft.”

De Christian Weis, Buergermeeschter vun der Stad Esch a President vum Gemengesyndikat PRO-SUD, huet den Aspekt vun enger “besser Vernetzung vu kulturellen Acteuren an den 19 franséischen a lëtzebuergesche Gemengen aus der Esch2022-Regioun”, ënnerstrach, “fir d’Kohärenz vun der kultureller Offer ze stäerken an d’Awunner op béide Säiten d’Grenz besser un enger Rei vun interessanten a qualitativ héichwäertegen Eventer deelhuelen ze loosse, souwéi et z’erméiglechen d’Acteuren aus dem Secteur z’ënnerstëtzen, fir den Impakt vun hire kulturellen Eventer op eis natierlech Ressourcen an de Klima ze reduzéieren.”