E Samschdegmoien, an obschonns et nawell ferm gereent huet, ass e motivéierte Grupp vu Leit zesummekomm fir wëll Kraider a Planzen am an aus eise Bëscher kennenzeléieren.
Am Kader vum MiNELL – Naturlab kruten d’Leit um Wee duerch de Bësch eng ganz Rei Planze, déi een iesse kann, vun der Kraiderpedagogin Christiane Laures gewisen an erkläert. Mat der Erlabnis vum zoustännege Fierschter konnten d’Planzen dunn och gesammelt ginn.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
No den Explikatiounen am Bësch sinn aus de Planzen, déi vun de ronn 15 Leit fonnt goufen, eng Rei lecker Platen gezaubert ginn. Um Menü vum „Bësch schmaachen“ stoungen esou: Vullekiischte-Chutney, Wëllkraiderpesto, Gromperekichelcher mat wëlle Kraider a wëll Muertesompast.
D’Rezepter si vu verschiddene Gruppe preparéiert a gekacht ginn am zum Schluss huet jiddereen déi ofwiesslungsräich Platen geschmaacht a genoss.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |