ℹ️ Wärmepompel - Eng ekologesch an accessibel Solutioun 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat z'entdecken 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Pump It Up

Déi 10. Kabaische vum Minett Trail ass elo op

Mat der Kabaischen „Pump It Up“, déi vun den Architekte Philippe Nathan (2001 Architectes) an Nathalie Jacoby (NJOY) entwéckelt gouf, ass elo eng weider Iwwernuechtungsméiglechkeet um Minett Trail disponibel fir gebucht ze ginn.

Speziell un dëser Kabaischen ass, datt se mobil ass. Theoretesch ka se a ganz Esch opgestallt ginn an esou reegelméisseg hiert Emplacement wiesselen. Aktuell steet d’Kabaischen emol am Ellergronn. Am eelsten Naturschutzgebitt vum Minett huet een elo d’Méiglechkeet sech no engem laangen Trëppeltour op enger Etapp vum 90 Kilometer laange Minett Trail z’erhuelen.

Déi Escher Kabaische soll et erméiglechen déi komplett Villfalt vun der zweeter Stad aus dem Land entdecken ze kënnen. De grousse Challenge beim Design war et, um ënneschte Stack alles, wat een an engem Gîte brauch op wéineg Surface z’installéieren. Deen Challenge ass gegléckt, well een op just 230 Zentimeter Breet eng Trap, e Sëtzeck, eng Kichen an eng komplett equipéiert Buedzëmmer ënnerbrénge konnt. Den ënneschten Deel vum „Pump It Up“ ass aus Stol an Aluminium. Esou ass e komplett recycléierbar, wat beim Architekteconcours vun de Gîten, dee vum Syndicat PRO-SUD an dem “Ordre des Architectes et des Ingénieurs Coseils (OAI) » eng vun de Konditioune war.

Méi Plaz huet de Gaascht um éischte Stack, wou ënnert enger grousser, heller Kuppel zu maximal 4 Persoune ka schlofe. Dat mécht dës Kabaischen och futuristesch, well d’Kuppel mat Loft opgeblose gëtt an dës esou fir d’Struktur an d’Isolatioun vun dësem Gîte benotzt ka ginn.  

Fir déi jéngst Kabaischen aus der Famill vun der Kabaisercher um Minett Trail ze buchen, klickt einfach op eng vun de Fotoen hei ënnendrënner.

Source: www.simpleviu.com