ℹ️ Wärmepompel - Eng ekologesch an accessibel Solutioun 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat z'entdecken 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

13. UNESCO Jugendforum zu Paräis

Mir freeën eis, datt de Mahmoud Hashoush, deen am Hierscht a Wanter 22/23 e sechs Méint laange Stage an der Minett UNESCO Biosphere gemaach huet, vun der UNESCO zeréckbehale gouf fir um 13. UNESCO Jugendforum, de 14. a 15. November 2023 zu Paräis, deelzehuelen.

Den UNESCO Youth Forum ass en wichtege Bestanddeel vum UNESCO Jugendprogramm. Zënter 1999 bitt dëse Forum de jonke Leit eng Plaz fir Dialog ënnert sech a mat der UNESCO a gëtt hinnen d’Méiglechkeet hir Begeeschterung a Kreativitéit ze deelen.

Et ass eng eemoleg Geleeënheet fir jonk Leit op der Generalkonferenz, dem héchsten Entscheedungsorgan vun der UNESCO, net nëmmen hir Erausfuerderungen, mä och hir Iddien a Léisungen de Memberstaaten ze presentéieren.

Den UNESCO Jugendforum gëtt komplett vun a fir jonk Leit organiséiert.

Firwat dëse Forum?

Eng rezent Etude vun de Vereenten Natioune weist, datt 70% vun de jonke Leit mengen, datt si net genuch Plaz am ëffentlechen Debat hunn, fir hiert Uleies an hir Iddien ze formuléieren.

Den UNESCO Jugendforum bitt hinnen dëse Raum: Si hunn d’Méiglechkeet fir Diskussiounen an Debatten ze féieren a Propositioune fir Aktiounen ze formuléieren, déi d’Bedierfnesser an d’Suerge vun der haiteger Jugend reflektéieren.

De Jugendforum vun dësem Joer konzentréiert sech op de sozialen Impakt vum Klimawandel an d’Noutwendegkeet e gerechte Klimawandel z’erreechen. En ass de 14. a 15. November 2023 wärend der Generalkonferenz um Siège vun der UNESCO zu Paräis.

Iwwert de Mahmoud

De Mahmoud ass e jonke libanesesche Wëssenschaftler, dee momentan säi Master an Ëmwelt- a Buedemwëssenschaften an -technologien zu Mailand, Italien ofschléisst Bei senger Fuerschung interesséiert hie sech virum allem duerfir, wéi sech Ëmweltchangementer (egal ob vum Mënsch verursaacht oder natierlecher) op d’Gesondheet vun Ökosystemer (an d’Komponente vun dëse Systemer) a schlussendlech och op d’Gesondheet vum Mënsch auswierken. Doriwwer eraus ass de Mahmoud e begeeschterte Jugendaktivist, dee fest un d’Energie vun der jonker Generatioun an hir Fäegkeet gleeft, e positive soziale Changement bewierken ze kënnen.

De Mahmoud huet un den zwee Jugendforen deelgeholl, déi bis ewell vun der Minett UNESCO Biosphere organiséiert goufen. 2022 war hien beim éischte Forum zu Lasauvage dobäi an esou begeeschtert vu Lëtzebuerg an der Minett UNESCO Biosphere, datt hien sech spontan fir e Stage ugemellt huet, deen en Enn vum leschte Joer bei eis maache konnt.

 

Wärend sengem Stage huet de Mahmoud e Atelieren an Aktivitéiten organiséiert fir jonk Leit iwwer Ëmweltverännerungen, déi vum Mënsch verursaacht ginn, opzeklären an ze sensibiliséieren. Am Juli war de Mahmoud erëm zu Lëtzebuerg an huet un der zweeter Editioun vum Minett Biosphere Youth Forum, BeYouthSphere, deelgeholl. Am Kader vun dësem Forum huet hien e Workshop geleet an deem et ëm Ökosystemservicer gaangen ass, aktiv un der Gestaltung vun der Sensibiliséierungscampagne deelgeholl, déi am Kader vum Forum erstallt gouf, an e war den Invité vun der 15. Episod vum Minett Mash-Up, dem Podcast vun der Minett UNESCO Biosphere zesumme mat eise Partner IK-CNCI a MUAR (Musée vun der Aarbecht), deen all Mount verëffentlecht gëtt.

An dësem Artikel gitt Dir méi driwwer gewuer, firwat de Mahmoud Engagement an Abanne vun der Jugend als wichtege Bestanddeel vum Prozess fir eng méi nohalteg Gesellschaft gesäit.