Daniel Migliosi X CNA Pomhouse (Dudelange)
Eis Rees féiert eis dëse Mount op Diddeleng an dat flott rekonzeptualiséiert CNA Pomhouse. Mir begéinen dem Jazz-Trompettist, Daniel Migliosi, a diskutéiere mat him iwwert seng Wuerzelen a seng Verbindunge mam Minett – Schlësselwierder Italien, Russland a vill Caféen! Kleng Bijouen iwwer d’Jazz-Zeen, Diddeleng an d‘Haard gitt der och gewuer!
![]() |
![]() |
|
|
Eis “Minett Location” vum Mount
CNA – Centre National de l’Audiovisuel – 1B, Rue du Centenaire – L-3475 Dudelange
Eise Gaascht: Daniel Migliosi
Den Daniel Migliosi ass en Minetter Trompettist, deen um Wee ass richteg bekannt ze ginn an der Musekszeen! Seng musikalesch Fäegkeeten huet hien duerch seng Kandheet an der Diddelenger Museksschoul, den Escher Conservatoire an elo d’Hochschule für Musik und Tanz zu Köln geléiert. Den Daniel trëtt reegelméisseg live zu Lëtzebuerg an am Ausland op. Fir d‘Optrëtter vum Daniel an senge Bands „Daniel Migliosi Quintet“ a „Retrospective Quintet“, net ze verpassen: hien onbedéngt op Instagram a Facebook followen!
Sujeten iwwert déi an dësem Episod geschwat gëtt:
- Stëmme vun der Schmelz – Eng Ausstellung, organiséiert vum CNA, déi un déi al Schmelz an d’Aarbechter erënnere soll. Ze gesi vu Mäerz 2022 bis Januar 2023.
- Den Centre de Documentation sur les Migrations Humaines (CDMH) an de Quartier Italien
- NeiSchmelz – Den neien Diddelenger Quartier
- Op der Schmelz – Den Diddelenger Kulturzentrum a säin Jazz-Festival Like a Jazz Machine
- DKollektiv – Eng lokal Initiativ fir Biergerbedeelegung ronderëm dat industriellt Ierwen an d’Weiderverwendung vu Materialien
- Urban Garden NeiSchmelz – E Gemeinschaftsgaart, deen 2018 opgaangen ass a vu lokale Bierger bedriwwe gëtt
- Den neie Mineur – E Musical, mam Daniel, dee beim Monument National des Mineurs zu Käl wäert opgefouert ginn
- Haard Diddeleng – En Naturschutzgebitt bei Diddeleng mat enger schéiner Vue iwwert d’Regioun
- Minett Trail – En neien, 90 Kilometer laangen, Wanderwee duerch de Minett, dee vu Visit Minett en place gesat gouf, mat 11 aussergewéinleche «Kabaisercher» (fir z’iwwernuechten) um ganze Wee
- De Stéckel – E Walzwierk aus der aler Diddelenger Schmelz
- Diddelenger Schmelz – Déi al Schmelz an der “Forge du Sud”
- Pomhouse & Waasertuerm – De Waassertuerm an d’Pompelstatioun vun der fréierer Diddelenger Schmelz.