Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

De geologesche Circuit Giele Botter

Zënter Juli 1991 gëtt et am Naturschutzgebitt Prënzebierg en amenagéierte geologeschen Trëppeltour mam Numm „Circuit Giele Botter“. Et war deen éischte geologesche Circuit zu Lëtzebuerg. An de Joren duerno si mam Circuit an der Péitruss an der Stad, dem „Mir ginn op d’Grouf“ zu Stolzebuerg an dem grenziwwerschreidende „Geologischer Lehrpfad Machtum-Nittel-Wellen“ weider geologesch Circuiten dobäikomm. De Circuit um Giele Botter ass ongeféier 3 Kilometer laang a leeft laanscht d’Fielswänn vum fréieren Dagebau.

Dëse geologesche Léierpad gouf viru kuerzem iwwerschafft an d’Panneaue mat der Erklärungen drop goufe moderniséiert. Ënnert dem Numm “GB1” kënnt Dir elo eleng en Iwwerbléck iwwer d’Geologie vum fréieren Dagebaugebitt kréien. Déi offiziell Aweiung vum nei entworfene Wanderwee war a Präsenz vu Vertrieder vun der Stad Déifferdeng, dem Musée national d’histoire naturelle, dem Minett Park Fond-de-Gras, der Minett UNESCO Biosphere an der Lëtzebuerger UNESCO Kommissioun.

De Patrick Michaely, Direkter vum ‘naturmusée’, huet, am Kader vun der Aweiung, d’Wichtegkeet vun der Vermëttlung vun Naturwëssenschafte fir seng Institutioun ënnerstrach a betount, datt esou pädagogesch Trëppelweeër, wéi deen am “Giele Botter”, et méiglech maache Leit op der Plaz mat Wëssen iwwer d’Regioun a hir Geologie ze versuergen. Dës Aart vu Wëssenstransfer ergänzt dat, wat de Musée a sengen eegene véier Maueren ubitt, esou de Patrick Michaely weider.

De geologesche Trëppeltour „Giele Botter“, deen 1991 vun de Mataarbechter vum ‘naturmusée’ erstallt an 2022 vum Robert Weis, deen als Paleontolog am Musée schafft,  moderniséiert gouf, ass e ronn dräi Kilometer laange Circuit. Startpunkte sinn entweder de Parking “Tëtelbierg” oder de Waasserreservoir zu Nidderkuer. Zéng verschidden Informatiounstafele laanscht de Wee gi präzis Informatiounen iwwer d’Entstoe vun der Minett, hiren Ofbau a hir geologesch Specificitéiten.

Déi éischt Konzessioun fir um Prënzebierg Minett ofzebauen ass am Joer 1870 vergi ginn an an den 30er Jore vum 20. Joerhonnert ass um Giele Botter intensiv Minett aus Galerien erausgeholl ginn. Den Dagebau huet nom Zweete Weltkrich ugefaangen an ass 1977 zu Gonschte vu méi bëllegen Äerzer mat méi Eisen, déi aus dem Ausland importéiert goufen, agestallt ginn. Zënter dem 20. November 1991 ass eng Surface vun 255 Hektar um Prënzebierg als nationaalt Naturschutzgebitt klasséiert an ass och Deel vum europäeschen Netzwierk vun den Natura 2000 Zonen. Zënter Oktober 2020 ass d’Gebitt zousätzlech och eng vun de Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere.