ℹ️ Regionalforum fir eng gemeinsam an nohalteg Entwécklung vum Minett 🕵️ Minett Escape Games - Outdoor-Spill-Spass fir Jonker 🏆 🦇 Entdeckt de Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab 🌿
arrow
quote quote

Lokal Liewensmëttel erliewen

WORKSHOPS UM GOÛT DU TERROIR

Wou kommen eis Liewensmëttel hier? Wéi kënne mir eis méi nohalteg ernären? Firwat ass et wichteg, dass mir eis mat eisem Iessverhalen auserneesetzen?

Dës Froe ginn um regionale Maart „Au Goût du Terroir“ mat enger Serie vun interessanten Ateliere beäntwert.

Entdeckt regional Produkter, Informatiounen an Atelieren zu den Theme Produktioun, Veraarbechtung a Vermaartung vu regionale Liewensmëttel, sozial an ëmweltbewosst Nohaltegkeet a villes méi.

SHOWCOOKING

Dräi renomméiert Lëtzebuergesch Käch invitéieren op e Showcooking. Den Optakt vun dëse Spektakele mécht den Yves Radelet aus dem Restaurant „La Ferme de Drauffelt“ dëse Freideg, 30. September um 17:00 an 18:30 Auer.

E Samschdeg, den 1. Oktober, kënnt Dir iech vum Kenny Dubourg, Chef am Restaurant „L’Endroit“ zu Wolz, begeeschtere loossen. Him kënnt dir um 11:30, 14:30 a 17:30 Auer an d’Dëppe kucken.

Um Sonndeg, dem 2. Oktober, weist de Ben Weber, Chefkach vum „Gudde Kascht“ zu Haler, säin Talent mam Bräiläffel. Säi Showcooking kënnt dir um 11:00, um 14:00 an nach emol um 17:00 Auer erliewen.

Tickete fir de Showcooking, deen iech interesséiert, kënnt Dir hei reservéieren.

TASTING

Eng ganz Rei vun de regionale Produiten, dem um „Au Goût Du Terroir“ ausgestallt ginn, kënnt Dir de Weekend iwwer och schmaachen.

De „Lëlljer Gaart“ proposéiert e Liqueur-Tasting. Dësen Tasting ass e Freideg um 17:00 Auer fir d’Ouverture vum Maart.

Regionalen an internationale Wäi kann e Samschdeg an e Sonndeg probéiert ginn. E Samschdeg um 13:00 Auer kënnt Dir d’Wäiner aus der Kellerei Kox vu Réimech entdecken. Um 16:00 Auer stellt sech d’D.O.P. Cebreros, eng kleng Wäiregioun, vu just 470 Hektar, an der spuenescher Provënz Castilla y León vir.  

D’Wënzer vun der „Cantina Di Venosa“ stellen hir beschte Cruen e Sonndeg um 13:00 Auer vir a wann Dir nach ni polnesche Wäi sollt geschmaacht hunn, da kënnt dir dëse mat de Wäiner vum Domaine „Winnica Wieliczka“ kenneléieren.

Datt Waasser net gläich Waasser ass, dovunner kënnt Dir iech a véier Atelieren de Weekend iwwerzeegen. D’Workshops, déi vun H2Only proposéiert ginn, sinn e Samschdeg an e Sonndeg all Kéiers um 15:00 a 17:00 Auer.

Gin- an Drëppe kënnen e Samschdeg um 16:00 Auer geschmaacht ginn an e Sonndeg ass, och um 16:00 Auer, e Coffee-Cupping, fir d’Offer u Schmaach-Atelieren ofzeronnen.

Umelle kënnt dir iech hei.

WORKSHOPS

D’Geschicht vum Goût, speziell fir jonk a virwëtzeg Visiteuren adaptéiert, gëtt de Weekend direkt dräi Mol verzielt. „D’Rommel Bommel – eng Schmaachgeschicht“ steet e Samschdeg an e Sonndeg ëm 13:00 Auer op Lëtzebuergesch um Programm an e Samschdeg um 14:30 Auer och nach eng Kéier op Franséisch.

Fermentéierung, fir de Gaspillage vu Liewensmëttel ze verhënneren, ass de Sujet vum BENU-Workshop, deen e Samschdeg an e Sonndeg all Kéier um 11:30 an 13:30 ugebuede gëtt.

Aschreiwunge fir d’Workshops kënnen hei gemaach ginn.

70 LOKAL AUSSTELLER

Sollt Dir awer just Loscht hunn, lokal Liewensmëttelproduzente kennenzeléieren, da kënnt dir och einfach esou op de regionale Maart „Au Goût Du Terroir“ laanschtkommen. Hei ass déi komplett Lëscht vun den Aussteller, déi sech elo schonn op äre Besuch freeën.