ℹ️ Wärmepompel - Eng ekologesch an accessibel Solutioun 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat z'entdecken 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Rocklines – Verëffentlechung vum Buch

D‘Minett UNESCO Biosphere, d‘Editions Phi, den ‘naturmusée‘, déi Lëtzebuerger Kommissioun fir d‘Zesummenaarbecht mat der UNESCO an de Ministère fir Energie a Landesplanung si frou, e Joer no der geopoetescher Exploratioun vum Minett, d’Publikatioun vum Buch “Rocklines – A geopoetic voyage across the Minett UNESCO Biosphere” annoncéieren ze kënnen.

Iwwert d‘Buch

 D‘Geopoetik invitéiert eis, d’Bezéinug tëscht Mënsch an Äerd ze hannerfroen, eis Sënner an eise Verstand fir d’Erfarung vum Liewen op der Äerd op ze maachen an an eis e Gefill vu Presenz vun der Welt z‘erwäschen.

Als transdisziplinäert Feld, dat fir Fuerschung a Creatioun o pass, huet d’Geopoetik d’Literatur an d’Geographie zesummebruecht, awer och Philosophie a Konscht mat abezunn.

D’Zil vun der Geopoetik ass et, d’Bezéiung vum Mënsch mat der Welt z’intensivéieren, se méi harmonesch ze gestalten, fir ëmmer nees iwwert d’Schéinheet kënnen ze staunen.

(Rachel Bouvet)

Stellt Iech eng weit Broochland aus Stëbs a roude Steng vir, déi um Ufank vun der Zäit stinn. Et ass dës ierdesch Erënnerung Vum Minett, dem Land vun de roude Fielsen, déi mir an dësem Reescarnet, dee vun de Scëlder vum Minett Trail guidéiert gëtt, vermëttelen.

Industriell Iwwerrechter, dicht besiidelt Gebitter an iwwerraschen schéin Naturschutzgebitter sinn Deel vun enger Rees, déi iwwert déi onmëttelbar Erfarung vun enger Landschaft, déi am Entstoen ass, erausgeet an an eis hir Plaz fënnt, andeems se d’Geographie vun eisem Geescht präägt.

Et ass eng Invitatioun zu enger perséinecher Rees duerch de Minett, e Land voller Iwwerraschungen, déi sech deem weisen, dee mat oppenem Häerz ënnerwee ass.

Offiziell Presentatioun an aner Manifestatiounen

Déi offiziell Presentatioun vum Buch ass dësen Donneschdeg, 14. Juli um 18:00 am Foyer vum ‘naturmusée’.

De komplette Programm ronderëm d’Verëffentlechung vum Buch fannt dir hei.