📀 Minettsdapp - De Song iwwert eis Biosphär 🎙️ 🕵️ Minett Escape Games - Outdoor-Spill-Spass fir Jonker 🏆 🦇 Entdeckt de Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab 🌿 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten 🍐
arrow
quote quote

Ellergronn: Entdeckt dat verstoppt Dall am Minett

Stellt Iech e Bëschdall vir, dat vu Quellen duerchzu gëtt a wou Dir Weiere fannt, déi nom Zesummebrieche vun alen Eisegalerieë entstane sinn. Hei fannt Dir kallekräich Bichebëscher, déi zu de bemierkenswäertste vu Lëtzebuerg zielen, rar Fliedermais, déi a fréiere Minnen iwwerwanteren, an en industrielle Patrimoine, deen d’Geschicht vum Minett erzielt. Haut gehéiert dës aussergewéinlech Landschaft zu de sechs Kärzonen vun der Minett UNESCO Biosphere, engem Gebitt, an deem Naturschutz an Industriegeschicht op eenzegaarteg Manéier zesummekommen.
 

Am Süde vun Esch-Uelzecht, op der Grenz mat Audun-le-Tiche, erstreckt sech d’Naturschutzgebitt Ellergronn iwwer méi wéi 110 Hektar. Et gouf 1988 als eent vun den éischten Naturschutzreservater vu Lëtzebuerg klasséiert a stellt haut e wichtege Bestanddeel vum Natura-2000-Netz an e geschützte Kärberäich vun der UNESCO-Biosphär duer.

Dëst Dall voller Bëscher verdankt säin eenzegaartege Charakter virun allem dem Waasser, dat an dëser Géigend esou besonnesch ass. Wärend vill Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere éischter dréchen Ökosystemer opweisen, gëtt den Ellergronn vu Quellen, Baachen a Weiere gepräägt.

Eng Landschaft, an där d’Natur aus der Biergbaugeschicht ervirgaangen ass

Op den éischte Bléck erschéngt den Ellergronn eéi eng roueg a gréng Bëschlandschaft. Ënnert dem Bliederdaach verstoppt sech awer eng intensiv industriell Vergaangenheet. Zanter dem Enn vum 19. Joerhonnert gouf hei Eisenäerz an de Minne Collart an duerno Cockerill ofgebaut. Am Géigesaz zu villen anere Plazen am Minett, wou d’Minett am Dagebau gewonne gouf, huet een se hei haaptsächlech iwwer ënnerierdesch Galerieë missten exploitéieren, well d’Äerzschicht méi déif louch.

Dës Biergbauaktivitéit huet d’Landschaft dauerhaft geformt. Nom Zoumaache vun de Galerië sinn dës lues a lues zesummegefall an hunn Triichteren, Splécken an Déiften hannerlooss, déi sech mat Waasser gefëllt hunn. Doduerch ass e Mosaik vu Weieren, Dëmpelen a Fiichtgebidder entstanen, déi haut zu de gréissten natierleche Räichtemer vum Site gehéieren.

Den Ellergronn erzielt domat zwou Geschichte gläichzäiteg: déi vun den natierleche Prozesser, déi en Dall iwwer Joerdausende geformt hunn, an déi vun der mënschlecher Aktivitéit, déi d’Landschaft verännert huet, ier d’Natur sech de Raum no an no nees zréckeruewert huet.

Eng aussergewéinlech Biodiversitéit am Häerz vum Minett

Obwuel den Ellergronn eng relativ kleng Fläch huet, weist en eng bemierkenswäert Diversitéit u Liewensraim op.

Visiteure kënnen hei rar kallekräich Bichebëscher entdecken, Iwwerreschter vun Auenwälder, Bëschweieren, Fiichtgebidder, strukturräich Bëschränner an och eng Dréchewiss, déi sech op fréiere Biergbauopfëllungen entwéckelt huet.

D’Waasser spillt eng entscheedend Roll fir dësen ökologesche Räichtum. Ënner de Kalleksteen-Schichte vum Dogger leien impermeabel Mergelschichten, déi d’Infiltratiounswaasser zréckhalen. Déi vill Quellen, déi doduerch entstinn, halen d’Dall fiicht a schafen ideal Konditioune fir eng räich Fauna a Flora.

Déi fréier Minettsgalerië déngen haut als Wanterschlofplaz fir verschidde Fliedermausaarten, dorënner och Aarten, déi op europäeschem Niveau geschützt sinn. An de Weiere liewe geschützt Amphibien, ewéi de Kammmolch. Déi oppe Beräicher an d’Bëschränner lackelen eng grouss Villfalt vun Insekten, Villercher a Päiperleken un.

D’kallekräich Bichebëscher bidden ausserdeem Liewensraum fir spezialiséiert Planzen, déi nëmmen op besonnesch kallekräiche Biedem virkommen.

Den Ellergronn zu Fouss entdecken

Déi bescht Manéier, dës Kärzon vun eiser Biosphär ze entdecken, ass ze Fouss.

Den Haaptnaturpad ass e Circuit vu ronn dräi Kilometer a féiert duerch déi verschidde Liewensraim vun der Naturschutzzon: Bëscher, Weieren, Quellen, Dréchewisen a Reschter vun Biergbau.

Fir Visiteuren, déi méi déif an d’Gebitt andauche wëllen, ginn et zousätzlech dräi Natura-2000-Circuiten:

  • Circuit A: De Mënsch an de Bësch (5 km)
  • Circuit B: D’Exploitatioun vun den Eisenäerzgebidder fréier an haut (4,5 km)
  • Cirucit C: D’Vegetatiounsentwécklung an engem fréiere Biergbaugebitt (2,5 km)

 

Ënnerwee erliewen d’Wanderer, wéi al Biergbauinfrastrukturen, ënnerierdesch Zesummebréch, Weieren a Bëscher zesummen d’Geschicht vum Landschaftswandel am Minett erzielen.

© Marc Weis

E Bësch, deen no de Prinzippie vun der Natur bewirtschaft gëtt

Den Ellergronn ass och e praktescht Beispill fir nohalteg Bëschwirtschaft.

D’Bëscher ginn no de Prinzipie vun enger naturnoer Sylvikultur geréiert. Dobäi leien d’Schwéierpunkten op der natierlecher Verjéngung, enger grousser Villfalt vu Bamaarten, strukturräiche Bëschbestänn an dem Erhale vu Beem mat héijem ekologesche Wäert.

Dës Approche garantéiert eng héich Biodiversitéit a stäerkt gläichzäiteg d’Resistenz vun de Bëscher géint Klimawandel, Stuermschied a Krankheeten.

Verschidde Beräicher ginn esouguer bal komplett sech selwer iwwerlooss, soudatt déi natierlech Entwécklungsprozesser vum Bësch observéiert kënne ginn.

Wat kann een an der Géigend vum Ellergronn entdecken?

E Besuch vun dëser Kärzon léisst sech ideal mat verschiddenen emblematesche Plazen an der Ëmgéigend kombinéieren.

Den Naturschutzzentrum Ellergronn

An de restauréierte Gebaier vun der fréierer Minn Cockerill ënnerbruecht, ass dëse Naturzentrum den ideale Startpunkt, fir d’Zesummespill tëscht Biergbaupatrimoine, Biodiversitéit an Naturschutz ze verstoen. Reegelméisseg ginn hei Ausstellungen, Visites guidées a pedagogesch Aktivitéiten organiséiert. Besonnesch ervirzehiewen ass d’Ausstellung Transition Now, déi sech mat den Erausfuerderungen vum Anthropozän an de Perspektive vun enger nohalteger Zukunft beschäftegt. 👉 Entdeckt den Naturschutzzentrum

De Musée vun der Minn Cockerill

De Musée vun der Entente Mine Cockerill erlaabt en Abléck an den Alldag vun de Biergleit. Hei kënne Visiteure historescht Material, Aarbechtsgeschir  an déi bekannt „Salle des pendus“ entdecken. Eng onverzichtbar Visitt fir d’Industriegeschicht vum Minett ze verstoen. 👉 Entdeckt d’Minn Cockerill

De Restaurant An der Schmëdd

No enger Wanderung bitt dëse Restaurant am historesche Kader vum Ellergronn déi ideal Geleeënheet fir eng Paus anzeleeën. D’Kiche setzt op regional Produiten an e Kader, dee staark vun der Geschicht vum Site gepräägt ass. 👉 Kuckt d’Kaart vun der Brasserie “An der Schmëdd”

De Minett Trail

Och de bekannte Minett Trail féiert duerch den Ellergronn a verbënnt verschidde vun de spektakulärsten Natur- a Kulturlandschafte vun der Minett UNESCO Biosphere.  👉 Wandert virtuell um Minett Trail

De Gaalgebierg

Nëmmen e puer Minutte vum Ellergronn ewech läit de Gaalgebierg mat sengem populären Déierepark. Dëse groussen urbane Park bitt schéi Ausiichtspunkten op déi fréier Biergbaulandschaften vun Esch-Uelzecht an ass en idealen Ausgankspunkt fir Naturwanderungen.  👉 Zäit um Gaalgebierg verbréngen
 
© Esch2022 / Emile Hengen

E Symbol vun der Minett UNESCO Biosphere

Den Ellergronn verkierpert op ideal Aart d’Identitéit vun der Minett UNESCO Biosphere.

D’Industriegeschicht ass hei net verschwonnen. Si bleift siichtbar am Relief, an de Gebaier, an de fréiere Galerieën an an den erhalenen Infrastrukturen. Gläichzäiteg huet d’Natur dës fréier Industrielandschaft nees iwwerholl an an e wäertvolle Refuge fir Déieren a Planze verwandelt.

Déi fréier Biergaarbechterlandschaft ass haut e Raum fir Biodiversitéit, Entdeckung an Erhuelung. Den Ellergronn weist domat beispillhaft eng vun de Käriddie vun de UNESCO-Biosphärereservater: d’Natur schützen an dobäi gläichzäiteg d’Geschicht, d’Landschaften an d’Identitéit vun enger Regioun valoriséieren.