ℹ️ Wärmepompel - Eng ekologesch an accessibel Solutioun 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat z'entdecken 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

De Bësch schmaachen – Summer 2025

Mëtt Juli waren eng Dose Leit an den Ellergronn fir bei der Summereditioun vum „De Bësch schmaachen“ dobäi ze sinn.

Lass goung dëse MiNELL-Atelier fir Erwuessener mat enger Aféierung vun der Kraiderpedagogin Christiane Laures. Mat Hëllef vun engen zéng verschiddene Planzen, déi een aktuell an de Lëtzebuerger Bëscher fënnt, huet si gewisen, datt ee beim Sammele vu Planze gutt oppasse muss. Iessbar a gëfteg Planze kënnen sech dacks gläichen, esou datt d’Gefor besteet, datt een se verwiessele kéint. D’Kraiderpedagogin huet wärend der Aféierung och zu all Planz Iddie fir hir Verwendung ginn, ob dat am kulinareschen oder éischter therapeutesche Beräich ass.

No dësem theoretesche Start an d’Aktivitéit ass et praktesch ginn. Equipéiert mat Kierf a Secateure goung et an de Bësch, wou eng ganz Rei Planze gesammelt goufen, déi duerno verschafft goufen. Wärend der Wanderung duerch de Bësch huet d’Christiane Laures weider Erklärunge ginn a Planze gewisen, déi och wann se fir de Menü vun dësem Summer net op der Kaart stoungen, iessbar sinn. Bei bal all Planz kruten d‘Participanten och en einfacht a séiert Rezept vun der Expertin matgeliwwert.

Zeréck am Naturschutzzentrum Ellergronn ass dunn, mat de frëschen Ingredienten aus dem Bësch gekacht ginn. Um Menü stoungen dëse Summer:

  • E Brennessel-Pesto
  • E Frëschkéis mat wëlle Kraider
  • Eng Zalot aus wëlle Wuerzelen, verfeinert mat Wëllkraider, Päerds- an Hammbier
  • Eng Waldziest-Lasagne an där d’Planz de Goût vu Champignonen geliwwert huet

 

© Minett UNESCO Biosphere

Nodeems fäerdeg gekacht sinn dës Platen mat vill Genoss vun de Participanten zesumme giess ginn. Déi nächst Editioun vum Atelier “De Bësch schmaachen” ass am Oktober. Iwwert dëse Link kënnt Dir Iech elo schonn duerfir umellen.