Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

World Environmental Education Day

De 26. Januar ass de World Environmental Education Day, de Weltdag vun der Ëmweltbildung. Dësen  Dag steet also ganz am Zeeche vun der pedagogescher Beschäftegung mam Sujet Ëmwelt.

Zënter wéini gëtt dësen Dag gefeiert?

D’Hannergrënn vun dësem Aktiounsdag fir d’Ëmwelt ass gutt dokumentéiert. E geet zeréck op d’UNO-Konferenz iwwert d’Ëmwelt vum Mënsch oder och Weltëmweltkonferenz, kuerz UNCHE, déi vum 5. bis de 16. Juni zu Stockholm war. Dës Konferenz an der schweedescher Haaptstad war deemools déi éischt Ëmwelt-Konferenz iwwerhaapt, déi vun de Vereenten Natiounen organiséiert gouf. Si kann als Ufank vun de Beméiunge gesi ginn eng international Ëmweltpolitik op d’Been ze setzen.

Viru knapp 50 Joer ware ronn 1200 Participanten aus 113 verschiddene Länner bei dëser Konferenz dobäi. D’Resultat vum Kongress waren d’Unhuele vu 26 Prinzippie fir d’Themeberäicher Ëmwelt an Entwécklung, déi duerno duerch en Aktiounsplang mat 109 Recommandatiounen detailléiert ausgefouert ginn ass.

D’Memberstaaten, déi dës Prinzippien ënnerschriwwen hunn, hunn och eng Kooperatioun iwwert hir Grenzen eraus acceptéiert. Heirauser ass den Ëmweltprogramm vun der UNO, den UNEP, entstanen, deen de 15. Dezember 1972 an d’Liewe geruff gouf.

Firwat de 26. Januar?

Am Fong gëtt et zwee Datumer fir de World Environmental Education Day, deen een, wéinst der Geschicht wéi en entstanen ass, jo u sech an de Juni situéiere kéint.

De World Environmental Education Congress (WEEC) feiert de World Environmental Education Day all Joer um 14. Oktober. Eng ganz Rei Ëmweltgruppen an Organisatiounen si sech allerdéngs eens ginn, en de 16. Januar ze feieren.

De WEEC bezitt sech am Choix vu sengem Datum op d‘United Nations Intergovernmental Conference on Environmental Education, déi de 14. Oktober 1977 zu Tbilisi a Georgien war. De 26. Januar huet also éischter e symbolesche Charakter a kann als Referenz un déi 26 Prinzippie fir eng gemeinsam Ëmweltentwécklung gesi ginn, déi viru 50 Joer zu Stockholm fonnt gi waren.

Zil an Intentioun vum World Environmental Education Day

De World Environmental Education Day soll virun allem d’Ëffentlechkeet fir d’Bedeitung vun der Ëmweltedukatioun als wëssenschaftlech Disziplin sensibiliséieren.  E spezielle Schwéierpunkt läit dobäi op de sozialen a gesellschaftlechen Implicatioune vun der Ëmweltproblematik, där hir Suitten an den nächste Jore wuel nach däitlech wäerten ze spiere sinn.

Méi Informatiounen iwwert den Dag:

Declaration of the United Nations Conference on the Human Environment (English)

Report on the United Nations Conference on the Human Environment (PDF/English)