Evenementer generéieren dacks vill Offall. Dëse gratis Workshop fir Veranstalter (Veräiner, Clibb an Associatiounen), hëlleft Iech praktesch Léisungen ze fannen, Offall ze reduzéieren a méi nohalteg Praktike kennenzeléieren.

Ziler
- Léiert d’Prinzippie vun der zirkulärer Ekonomie an d’Wichtegkeet vum Offallmanagement op Events kennen
- Identifizéiert d’Offallquellen bei der Organisatioun vun engem Event wichteg sinn
- Setzt Moossnamen ëm, fir Offall ze reduzéieren
Programm
Eng Aféierung an de Konzept vun der zirkulärer Ekonomie an wéi d’Gestioun vum Offall dozou bäidroe kann (Pfand-Systemer, Vermeidung, Tri etc.).
An Aarbechtsgruppen identifizéiert Dir d’Haaptquelle vun Offäll (Catering, Material, Logistik asw.), déi bei Evenementer entstoe kënnen, souwéi déi verschidde Contrainten, deenen Dir an dësem Beräich ausgesat sidd, an och d‘Problemer, op déi Dir gestouss sidd.
Dir wäert konkret Alternativen oder praktesch Léisungen kenneléieren, déi dir duerno op Ärem Event ëmsetze kënnt.
Praktesch Informatiounen
24. September 2026 / 19:00 – 21:00 / gratis / op Franséisch
Bettembourg, Gemengesall
13, rue du château
L-3217 Bettembourg
Weider Informatiounen an Umeldungen op: https://elo.lu/les-formations/