D’Minett UNESCO Biosphere erzielt d’Geschicht vun enger Regioun am Wandel. Do, wou fréier Eisenäerz ofgebaut gouf an déi lëtzebuergesch Stolindustrie hire groussen Opstig erlieft huet, leien haut e puer vun de wäertvollsten Naturräim vum Land. Dës eenzegaarteg Verbindung tëscht Industriegeschicht a Biodiversitéit mécht d’Regioun zu engem aussergewéinleche Léierraum.
Zesumme mam IFEN bitt d’Minett UNESCO Biosphere dofir zwou nei Formatioune fir Léierpersonal un. Déi éischt beschäftegt sech mat der aussergewéinlecher Biodiversitéit vun de fréieren Dagebaugebidder. D’Participanten entdecken d’Dréchewisen, Fielsbiotoper a Bëscher, léiere rar Déieren- a Planzenaarte kennen a kréie konkret Iddie fir naturpedagogesch Aktivitéite mat hire Klassen.
Déi zweet Formatioun beliicht d’Industriegeschicht vum Süde vu Lëtzebuerg – vun der Entdeckung vum Eisenäerz „Minette“ bis zur Ëmwandlung vun alen Industriestanduerter, wéi dem Belval. E Besuch am Nationale Minnemusée zu Rëmeleng bitt dobäi en direkten Abléck an d’Geschicht vum Biergbau.
Béid Formatioune weisen, wéi enk d’Entwécklung vu Landschaft, Gesellschaft a Natur matenee verbonne sinn. Si vermëttelen Hannergrondwëssen, fërderen d’Verständnis fir d’Besonneschkeete vun der Regioun an ënnerstëtzen d’Léierpersonal dobäi, „Natur a Geschicht virun der Hausdier“ konkret an hiren Unterrecht anzebannen.
Fir Léierpersonal: Entdeckt d’Minett UNESCO Biosphere als Léierraum
Notzt d’Geleeënheet, nei Blécker op d’Natur- an Industriegeschicht vu Lëtzebuerg ze gewannen, praktesch Iddie fir den Unterrecht kennenzeléieren an d’Minett UNESCO Biosphär zesumme mat Äre Schülerinnen a Schüler z’entdecken.
Mellt Iech elo iwwer den IFEN fir d’Formatiounen un a maacht d’Minett UNESCO Biosphere zu Ärem nächste Klassesall ënner fräiem Himmel:
-
29.09.2026 – 14:00 bis 17:30 Auer: Biodiversitéit an der Minett UNESCO Biosphere – eenzegaarteg Liewensraim tëscht Natur an Industriegeschicht entdecken (Grondschoul Cycle 2-4 a Secondaire)
Informatiounen an Umeldung -
01.10.2026 – 14:00 bis 17:00 Auer: D’Industriegeschicht vun der Minett UNESCO Biosphere – vu rouder Äerd zu gréngem Stol (Grondschoul Cycle 2-4)
Informatiounen an Umeldung -
08.10.2026 – 14:00 bis 17:00 Auer: D’Industriegeschicht vun der Minett UNESCO Biosphere – vu rouder Äerd zu gréngem Stol (Secondaire)
Informatiounen an Umeldung