📀 Minettsdapp - De Song iwwert eis Biosphär 🎙️ 🕵️ Minett Escape Games - Outdoor-Spill-Spass fir Jonker 🏆 🦇 Entdeckt de Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab 🌿 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten 🍐
arrow
quote quote

UNESCO Geodiversity Days 2026 – vu 3. bis de 6. Oktober

Déi geologesch Schätz vu Lëtzebuerg an der Groussregioun entdecken

Vum 3. bis de 6. Oktober 2026 ginn zu Lëtzebuerg nees d’UNESCO Geodiversity Days organiséiert. Mat guidéierte Visiten, Wanderungen an enger Konferenz kritt de Public d’Méiglechkeet, déi geologesch Diversitéit vu Lëtzebuerg an de Grenzregiounen besser kennenzeléieren.

Micheville: Op de Spuere vun der Minette

Samschdes, den 3. Oktober, organiséiert d’Minett UNESCO Biosphere eng guidéiert Visitt ënner dem Titel„D’Minette vu Loutrengen a Lëtzebuerg – e geologesche Schatz op der Grenz“. D’Ausfluch féiert op de fréieren Tagebau vu Micheville zu Villerupt, ee vun de markantste geologeschen an industriellen Zeegnesser vun der Regioun.

Bis 1974 gouf hei Minett-Eisenerz ofgebaut. Haut ass de 463 Hektar grousse Site zu engem geschützten Naturgebitt ginn, wou sech d’Natur no an no nees etabléiert huet. D’Participante léieren d’Entstoe vun der Minette kennen, entdecken d’geologesch Besonderheete vum Site an erfuere méi iwwer déi aussergewéinlech Biodiversitéit, déi sech an de leschte fënnef Joerzéngten entwéckelt huet. D’Auteure vum Buch iwwer d’Minette begleeden d’Visitt a deele hiert Wëssen mat de Visiteuren.

Hei kënnt Dir Iech gratis umellen.

Weider Aktivitéiten am Kader vun de Geodiversity Days

De Programm start den 3. Oktober moies zu Haut-Martelange mat der Visitt„Dräi Schifergrouwen – dräi Vocatiounen“, déi weist wéi fréier Schiferofbaugebidder haut als Patrimoine, Fuerschungsfeld an Innovatiounsplaz genotzt ginn.

De Sonndeg, de 4. Oktober, féiert d’Aktivitéit Urban Fossils duerch d’Stad Lëtzebuerg a weist Fossilien, déi an Natursteng vu Gebaier an Trottoiren agebonne sinn. Dono geet et op eng Wanderung an d’Géigend vum Héikraiz bei Heffeng, dem Geotop vum Joer 2026, wou Millioune Jore vun Äerd- a Landschaftsgeschicht entdeckt kënne ginn.

Den Ofschloss mécht de 6. Oktober eng Konferenz iwwer kritesch Matière-premièren an d’Roll vum Ënnergrond bei der Energietransitioun. Expertinnen an Experten aus der Groussregioun diskutéieren iwwer geologesch Ressourcen an zukünfteg Erausfuerderungen.

Eng Invitatioun fir eis geologesch Patrimoine nei ze entdecken

D’UNESCO Geodiversity Days maachen däitlech, datt Geologie, Natur a Kultur enk matenee verbonne sinn. Besonnesch de Site vu Micheville weist, wéi e fréieren Industriegebitt sech zu engem wäertvollen Natur- a Patrimoine-Raum entwéckele kann.

Hei fannt Dir de ganze Communiqué de presse vun den Geodiversity Days 2026.

Hei fannt Dir zousätzlech Informatiounen iwwert all d’Evenementer, déi am Kader vun der Editioun 2026 proposéiert ginn.