En Donneschdeg, den 23. Januar, ass de Comité Scientifique vun der Minett UNESCO Biosphere ënnert der Leedung vun der Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, Simone Beck, fir seng éischt Reunioun vum Joer 2025 zesummekomm.
Sujeten vun dëser éischter Reunioun vum Joer 2025 waren e Réck- an Ausbléck op dem Aarbechtsprogramm vum Biosphärereservat an éischt Informatiounen iwwert de Weltkongress vun UNESCO-Biosphärereservater, deen Enn September zu Hangzhou a China ass, a wou den neie Strategie- an Aktiounsplang fir de Weltreseau vun de Biosphärereservater soll ugeholl ginn.
No enger konstruktiver Diskussioun ass festgehale ginn, datt sech de Comité Scientifique vum Biosphärereservat an zwee Aarbechtsgruppen an den nächste Wochen a Méint mat der Weiderentwécklung vun der Ënnerstëtzung fir lokal produzéiert Liewensmëttel a mam Redesign vum Internetoptrëtt vun der Minett UNESCO Biosphere beschäftege wäert. Dëse soll fir de 5. Joresdag vun der Opnam vun eiser Regioun an d’Weltnetz vun de Biosphärereservater, den 28. Oktober, online goen.