De Syndicat PRO-SUD huet déi regional Plattform fir en Austosch tëscht den Ëmweltservicer vun de Membergemengen nees aktivéiert. Haut goung an deem Kontext notamment iwwert eng Méiglech regional Zesummenaarbecht riets, am Beräich vum Erschaffe vu Strategien fir d’Populatioun op méiglech Suitë vum Klimachangement ze preparéieren. Duerfir war och de Colonel Raymond GUIDAT, Direkter vun der Stratégie Opérationnelle beim CGDIS op der Reunioun an der Mairie zu Bieles dobäi.