De Sonndeg, 30. Mäerz proposéiere invitéiere mer Iech mat eis zesummen op d’Sich nom emblemateschste Villchen vun der Minett UNESCO Biosphere ze goen. Mir beginn eis op d’Sich no de Spuere vun der Bëschléierchen.
D’Bëschléierchen ass e klengen Zuchvull, deen, nom Wanter, elo nees aus Südeuropa zeréck ass. D’Fréijoer an de Summer duerch lieft de Buedembréier an den hallef oppene Graslandschafte vun de fréieren Dagebaugebidder, wou hien sech och reproduzéiert.
Déi konkret Schutzmossnamen an de Kärzone vun der Minett Biosphere hu gehollef d’Populatiounszuelen vun dësem rare Villchen ze stabiliséieren an him esou eng Zukunft zu Lëtzebuerg z’erméiglechen.
De Guide och der Sich no der Bëschléierchen ass de Jan Herr. Hien ass Biolog bei der ANF an zoustänneg fir d’Gestioun vun den Naturschutzgebidder an Natura2000-Zonen am Minett. Am Virfeld vum Atelier vum 30. Mäerz hu mer dem Jan dräi Froen gestallt:
3 Froen un de Biolog Jan Herr
Minett UNESCO Biosphere: Wat mécht d’Minetter Dagebaugebidder esou wichteg fir d’Biodiversitéit?
Jan HERR: D’Dagebaugebidder si grouss, zesummenhänkend Naturschutzgebidder, déi ganz speziell Konditiounen opweisen. Se sinn närstoffaarm, relativ waarm a stengeg an dat ass fir eng ganz speziell Biodiversitéit interessant.
MUB: Wat maacht dir als Naturverwaltung konkret fir de Schutz vun der Bëschléierchen?
J.H.: Fir d’Bëschléierchen an den Dagebaugebidder ze schützen, geet et haaptsächlech drëm hire Liewensraum ze restauréieren an och gutt z’erhalen. Op där anerer Säit geet et och drëm eng Besucherlenkung an deene Gebidder ze maachen, fir d’Stéierunge fir dëse Vull esou niddreg wéi méiglech ze halen.
MUB: Wat erwaart d’Leit mat op d’Sich no der Bëschléierchen ginn?
J.H.: Ech hoffen, datt ech de Leit wärend deem Workshop d’Bëschléierchen iwwerhaapt emol ka weisen, datt mer se och sangen héieren an da wäerte mer natierlech vill iwwert de Liewensraum vun der Bëschléierche gewuer ginn an och kucke wat alles geschafft gëtt fir si z’erhalen.
Kommt mat no de Spuere vun der Bëschléierchen sichen
D’Participatioun un dësem Atelier, deen am Kader vum Minett Natur an Ëmwelt LéierLab (MiNELL) ugebuede gëtt, ass gratis. Dir musst Iech just umellen:
A wann Dir nach méi iwwert d’Bëschléierche wëllt gewuer ginn, da recommandéiere mir Iech dësen Documentaire, dee weist wéi dëse klenge Villchen an den Naturschutzzone vun eisem Biosphärereservat lieft: