Eisen, Stol an Natur
Fir eise Podcast stoung d’Joer 2024 ganz am Zeeche vum industrielle Patrimoine vun der Groussregioun an der Geschicht vun deene Plazen, déi aus eiser Regioun dat gemaach hunn, wat se haut ass. Fir den Ofschloss vun dëser Rees si mer elo am Dezember op en Industriesite gaangen, deen 2016 definitiv stëllgeluecht gouf an aus deem an den nächste Joerzéngten den neie Quartier Metzeschmelz soll entstoen. De Minett Mash-Up war dëse Mount um Site vun der aler Schmelz Esch-Schëffleng.
Eis „Minett-Location“ vum Mount: Ferro Forum
Am Zentralatelier vun der fréierer Schmelz, déi den 10. Oktober 1871 mat der Produktioun vun Eisen an engem éischten Héichuewen um Site ugefaangen hat, ass haut de Ferro Forum doheem. Nodeems am November 2011 d’Produktioun um Site agestallt gouf an en 2016 endgülteg stëllgeluecht gouf, huet de Ferro Forum, deen 2019 gegrënnt ginn ass, hei säin Doheem fonnt.
D’Zil vum Ferro Forum ass et de kulturellen, industriellen an handwierkleche Patrimoine, souwéi de Know-how ronderëm d’Produktioun vu Stol an Eisen, z‘erhalen a virun ze ginn. D’Associatioun huet de But fir laangfristeg fir e Schlësselspiller an deem Beräich ze ginn an och eng dreiwend Kraaft am kulturelle Liewen vum Quartier Metzeschmelz no deem senger Transformatioun.
Eis Invité: Do Demuth
D’Do Demuth ass e richtege Minettsdapp. Si ass zënter der Grënnung vum Ferro Forum aktive Member am Veräin a bekëmmert sech aktuell ëm déi kulturell a strategesch Koordinatioun.
Am Gespréich mat der Schëfflengerin geet et ëm de Ferro Forum als Associatioun, hiren Engagement an hir Zukunft um Site vun der Metzeschmelz. Et geet ëm den Engagement vu Benevolen a Leit, déi sech ewell professionell ëm de Projet këmmere kënnen.
Mir hu mat der Innenarchitektin awer och iwwert hiren Job geschwat, iwwert hir Bünekreatiounen am Theater an iwwert de Minett, deen dem Do wierklech um Häerz läit.
© Minett UNESCO Biosphere / CNCI
Eise Quiz:
Wéini as d’Metzeschmelz gegrënnt ginn?
- 1821
- 1871
- 1921
Wéivill Aarbechter hun hei an deene beschte Joren geschafft?
- 1.500
- 4.000
- 8.000
Links:
- Ferro Forum: Veräin, dee sech ëm den Erhalt vun der Industriekultur bekëmmert
- Esch2022: Websäit vun der europäescher Kulturhaaptstad
- Oeuvre Nationale de Secours Grande Duchesse Charlotte: Stëftung, déi kulturell a sozial Projeten ënnerstëtzt
- Kamelleschmelz: Mini-Schmelz, déi Séissegkeeten amplaz vu Stol produzéiert
- Esch: Homepage vun der Stad Esch
- Schëffleng: Websäit vun der Gemeng Schëffleng
- Kulturministère: Websäit vum Kulturminstère
- Agora: Gesellschaft, déi sech ëm d’Entwécklung vun den Arcelor-Mittals-Frichen am Süde vu Lëtzebuerg këmmert
- Schmelzaarbechtermusée: Musée vu Leit, déi fréier op der Schmelz vun Esch-Schëffleng geschafft hunn
- Bëschléierchen: Villchen, deem seng quasi komplett Populatioun aus Lëtzebuerg um Gebitt vun der Minett Biosphere ze fannen ass
- Wes Anderson: amerikanesche Regisseur
- Zukunftsrot Metzeschmelz: Forum fir eng aktiv Biergerparticipatioun bei der Entwécklung vum neie Quartier Metzeschmelz
Kontaktéiert eis: