Vu Schinnen, Minnen, Päerd an Zich
Mam Steampunk-Festival „Anno 1900“ geet am Minett Park Fond-de-Gras traditionell d’Saison op en Enn. Dëse Festival ass ëmmer um leschte Weekend am September. Dat war fir eis Grond genuch no engem Besuch bei der Directrice vum Minett Park am Januar elo am September nach emol zeréck ze goen.
Fir eisen zweete Besuch hate mer dës Kéier Rendez-vous mam President vun der Asbl „Minièresbunn Doihl“, déi an de Summerméint mat hiren ale Minièreszich aus dem Fond-de-Gras op Lasauvage fiert an och op der Zowaasch nach zwou weider Linne bedreift, déi op ale Strecken, op deene fréier d’Minett transportéiert gouf, fueren.
Eis Minett-Location vum Mount: Minièresbunn Doihl
D’Minière Doihl, déi vu Rodange op Lasauvage gaangen ass, an 1930 nom Zesummeschloss vun der Rodanger an der Zowaascher Minn entstanen ass, ass d’Doheem vun der Asbl, déi 1990 gegrënnt ginn ass. Am Haapttunnel tëscht dem Rodanger Doihl an dem Carreau Minier vu Lasauvage zirkuléieren, an de Méint Mee bis September, op 1,4 Kilometer Längt Minièreszich, déi ee bequeem aus dem Fond-de-Gras kann huelen an déi een dann an dat klengt Mineursduerf un der franséischer Grenz bréngen.
Et ware Membere vum Train 1900, dee schonn an den 1970er gegrënnt gouf, déi 1990 d’Iddi haten d’Offer fir d’Visiteure vun der historescher Eisebunn z’erweideren. 1994 sinn, no intensiven Aarbechten an der Minn, déi éischt Zich ënnerierdesch tëscht den zwee Departen zirkuléiert. Haut besëtzt d’Minièresbunn Doihl 51 Lokomotiven an déi ronn 25 Benevoller këmmeren sech net just drëms d’Zich fueren ze loossen, mä schaffen och un hirer Conservatioun a Renovatioun a kucken d’Schinnennetz an déi al Eisenäerzminn a Stand ze halen.
Eisen Invité vum Mount: Joël Miltgen
Fir eis méi iwwert d’Asbl vun der Minièresbunn z’erzielen, hu mer dëse Mount mam aktuellen Episod vum Minett Mash-Up Rendez-vous mam President vun der Minièresbunn Joel Miltgen. Hien huet eis fir d’Gespréich mat seng Minn geholl, wou mer méi iwwert de fréiere Päerdsstall, deen haut en Openthaltsraum ass, an iwwert d’Aarbechtskonditiounen an der Galerie gewuer goufen.
Mam Joël Miltgen, deen sech a senger Fräizäit ëm al Zich këmmert an haaptberufflech als Formateur bei der CFL schafft, hu mer awer och ëm d’Erausfuerderunge vun enger Asbl geschwat, déi historesche Patrimoine fir d’Nowelt erhëlt. Weider Sujete waren d’Zukunftsprojete vun der Minièresbunn an de Bilan vun der Saison 2024, deen ee virum grousse Steampunk-Ofschlossweekend schonn deelweis kann zéien.
© Minett UNESCO Biosphere / CNCI
Eise Quiz:
Wéi héich war de maximalen Eisenäerzgehalt vun der Minette, déi am Doihl ofgebaut ginn ass?
- 10%
- 35%*
- 80%
Wéi vill Kilometer Galerië gëtt et (am ganzen) an der Minn Doihl tëscht Rodange a Lasauvage?
- 20 km
- 100 km*
- 850 km
Links bei d’Sujete vun dësem Episod:
- Minièresbunn Doihl: Offizielle Website vun der Asbl
- Lasauvage: Klengt Biergaarbechterduerf un der Grenz mat Frankräich
- Anno1900: Steampunk-Festival am Fond-de-Gras, deen do all Joer fir de Schluss vun der touristescher Saison organiséiert gëtt
- INPA: Staatlech Instanz, déi sech ëm de Schutz an den Erhalt vum historesche Patrimoine këmmert
- Minett Park: Fräiliichtmusée am Fond-de-Gras, deen sech mat der Industriegeschicht vum Minett befaasst
- Ville de Differdange: Gemeng am Süde vu Lëtzebuerg, zu där och Lasauvage gehéiert
- Commune de Pétange: Gemeng am Süde vu Lëtzebuerg vun där den Train 1900 an de Fond-de-Gras fiert
- Train 1900: Historesch Eisebunn, déi zënter den 1970er am Süde vu Lëtzebuerg zirkuléiert
- MMRA – Métallurgique et Minière de Rodange-Athus: Fréiere Bedreiwer vun der Minn duerch déi haut d’Minièresbunn fiert
- Bärbelendag: Feierdag zu Éiere vun der Helleger Bäerbel, der Schutzpatréinesch vun de Mineuren
- Eglise Ste Barbe: Déi fréier Kierch zu Lasauvage, déi an e Centre Culturel ëmfunktionéiert gouf
- Famill Saintignion: Adeleg Famill, déi am Ufank vun der Industrialiséierung d’Duerf Lasauvage a ganz villen Domainer gepräägt an opgebaut huet
- CFL: Societéit, déi den Zuchverkéier a Schinnereseau zu Lëtzebuerg bedreift
Kontaktéiert eis: