Job-Contact Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten
arrow
quote quote

MINETT MASH-UP (27) – RAFFAELLA CAMPOBASSO X MUSEE DES MINES

Deeper Underground

 

 

Wann et am Summer richteg waarm ass, dann ass de Musée des Mines zu Rëmeleng déi richteg Plaz fir sech natierlech z’erfrëschen. Konstant 11 Grad ware fréier och den deegleche Begleeder vun de Mineuren, déi an der Minn Walert de Minett aus dem Buedem geholl hunn. Genee dee Setting hu mer eis fir de Juli Episod vum Minett Mash-Up erausgesicht.

70 Meter ënnert dem Buedem hate mer Rendez-vous mat eisem Gespréichspartner vun dësem Mount.

Eis Minett-Location vum Mount: Musée National des Mines de Fer

An der fréierer Minière „Walert“ zu Rëmeleng fënnt een haut de Musée des Mines. Nodeems dës Minière 1963 zougemaach gouf, huet et bis 1973 gedauert, éier de Minnemusée seng Dieren opmaache konnt.

Am Musée gëtt d’Entwécklung vum Biergbau zu Lëtzebuerg vun der Mëtt vum 19. Joerhonnert bis an déi zweet Hallschent vun dem 20. Joerhonnert gewisen. Artefakten, Maschinnen an Archivdokumenter ginn dem Visiteur en Abléck an d’Aarbecht vun de Mineuren.

D’Visiteure gi mat engem Zuch an d’Minère eragefouert, wou dann d’Visitt, déi ongeféier zwou Stonne laang dauert, start. Wann Dir e Besuch am Musée des Mines plangt, dann denkt drun eng waarm Jackett unzedoen. An der Minn ass et nämlech konstant 10-11 Grad frësch.

Eise Gaascht: Raffaella Campobasso

D’Chargée de direction vum Musée des Mines, Raffaella Campobasso, steet eis dës Kéier Ried an Äntwert. No hirem Studium vun der Konschtgeschicht ass si vun Italien op Lëtzebuerg komm an huet hir Aufgab am Domaine vun der Industriekultur an der industrieller Geschicht fonnt.

Mam Raffaella Campobasso schwätze mer iwwert de Minnemusée, déi deeglech Gestioun, d’Erausfuerderunge vun der Digitaliséierung an den Alldag vun de Mineuren, déi an der Minière Walert geschafft hunn. E weidere Sujet ass déi touristesch Bedeitung vum Musée, deen zu engem vun de wichtegsten Attraktioune vum Süde gehéiert.

© CNCI

 

Eise Quiz:

Fir wat steet d’Wuert „Minett“?

  1. Eiseminn
  2. Klengt Eisenäerz 
  3. Fra vum Mineur
  4. Klenge Kiselsteen

 

Wat sinn déi wichtegst Eisenäerzcouchen, déi een zu Lëtzebuerg fënnt a wéi vill sinn et der?

  1. 5 Couchen (rout, giel, gro, schwaarz, gréng)
  2. 4 Couchen (giel, gro, rout, gréng)
  3. 6 Couchen (violett, giel, gro, schwaarz, rout, gréng)
  4. 3 Couchen (gro, schwaarz, gréng)

 

Links bei d’Sujete vun dësem Episod:

 

  • Musée National des Mines de Fer: Eenzege Minnemusée deen d’Geschicht vum Minett-Ofbau am Land retracéiert
  • Karbidsluucht: Luuchten, déi d’Mineuren benotzt fir ënnert dem Buedem eppes ze gesinn
  • Stad Rëmeleng: Gemeng an där de Minnemusée läit
  • Mine Walert: Geschicht vun der Minière aus där duerno de Musée des Mines ginn ass
  • Jean-Pierre Bausch: Député-Marie vu Rëmeleng, dee sech fir d’Rechter vun de Mineuren agesat huet an an der Minn Walert gestuerwen ass
  • Musée Ferrum: Musée zu Téiteng, dee sech éischter mat der klenger Industrie, déi sech ronderëm d’Minne developpéiert huet, beschäftegt
  • Mine Cockerill: Klenge Musée am Ellergronn, wou et dee leschte komplette „Carreau Minier“ aus der Regioun gëtt
  • Bäerbelendag: Um 4. Dezember gëtt all Joer eng Mass zu Éiere vun der Schutzpatréinesch vun de Mineuren gehalen
  • Léiffrächen: Kärzon vun der Minett Biosphere, déi fréier eent vun de gréissten Dagebaugebitter am Land war

 

Kontaktéiert eis:

          +352 26 17 97 1