Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Minett Mash-Up (23) – Rudolf Noben X 4MH

Vu Sammler, Schmuggler a Stongen

 

Thematesche Schwéierpunkt an dësem Joer ass d’Industriekultur an duerfir reest de Wanderpodcast vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI an dem MUAR net just duerch de Minett, mä och duerch déi no Grenzregioun. No eiser Visitt am Saarland am Februar goung et dëse Mount an d’Belsch a mam éischte Minett Mash-Up Episod op Franséisch feiere mer an dësem Mount eng wieder Première.

Ee klengen Hiwwel, direkt un der franséischer Grenz, hannert Mont St. Martin a Gorcy, gehéiert nämlech zum grousse Minettsbaseng an deem virun iwwer 150 Milliounen Eisenäerz ofgelagert gouf an dee sech jo an de Süde vu Lëtzebuerg erstreckt a vun deem eist Land no 1870 profitéiert hat fir sech z’industrialiséieren. Dat ass awer och am Süde vun der Province de Luxembourg geschitt.

An der Gemeng Musson gouf et, bis an d‘1970er Joren, zwou Minnen an deene Minett ofgebaut ginn ass. Déi eng Minn war zu Musson selwer an déi aner an der Uertschaft Halazany. Duerch den Ofbau vun der Minett sinn am Süde vun der Province deemools och dräi Schmelzen entstanen, all Kéiers eng zu Musson (Ëmsong op Lëtzebuergesch) an zu Halanzy (Hueldeng) an eng drëtt zu Athus (Attem).

No der Fermeture vun de Minne sinn och d’Schmelzen an dësem Deel vun der Belsch séier zougaangen a goufen an den 1980er komplett ofgerappt. Deemno erënnert haut net méi vill un d’Vergaangenheet vun der Stolindustrie an dësem Deel vun der Groussregioun.

Eis Minett-Location vum Mount:

De Musée Minier et Métallurgique de Musson/Halazany

E Site, dee probéiert d’Erënnerung un dat industriellt Ierwe vun der Gaume waakreg ze halen, gëtt et awer. Am Abrëll 2023 huet zu Musson de 4MH opgemaach. Dëse Musée, mat enger Surface vu ronn 1000 Quadratmeter presentéiert eng grouss Sammlung vu Géigestänn, déi fréier vun de Mineuren an de ronn 60 Kilometer Galerien un der belsch-franséischer Grenz benotzt goufen.

D’Kollektioun vum Musée ass komplett a bitt dem Visiteur en detailléierten Abléck an d’Liewe vun de Mineuren. Donieft proposéiert d’Asbl, déi de Musée bedreift, och reegelméisseg Wanderunge vum Musée, iwwert deen ale Crassier vun der Schmelz, deen haut en Naturschutzgebitt ass, bis bei d’Entrée vun der Minn vu Musson.

Déi grouss Ekipp vu Benevolle besteet och aus engem Grupp vu Jonker aus dem Duerf, déi 17 bis 20 Joer al Jugendlech deele sech d’Visite-guidéeën op, esou datt de 4MH och aktiv eppes duerfir mécht, datt d’Wësse ronderëm de Biergbau an der Gaum un déi nächst Generatioun virugi gëtt.

© Minett UNESCO Biosphere / IK-CNCI

Eise Gaascht: Rudolf Noben

De Rudolf Noben ass de Präsident vun der Asbl hannert dem Musée Minier et Métallurgique de Musson/Halanzy. Et war, wéi hien eis am Gespréich verréit, seng Sammelleidenschaft, déi ugefaangen huet, wou hie selwer nach e Bouf war, an déi vu sengem Papp, déi et erméiglecht hunn de Musée opzebauen.

Ageweit gouf de 4MH am leschte Joer. An dësem Episod vum Podcast verréit de Rudolf eis wat de 4MH alles plangt fir seng zweet Saison, wéi seng Kandheet an direkter Noperschaft vun de Minnen un der belsch-franséischer Grenz war a wéi eng Schwieregkeeten eng Associatioun wéi de Minnemusée vu Musson am deegleche Fonctionnement huet.

© Minett UNESCO Biosphere / IK-CNCI

Eise Quiz:

Eise Quiz war dës Kéier richteg spontan, esou datt mer Iech hei weder d’Froen nach d’Äntweren wëlle verroden. Fir erauszefanne wéi eng Froen de Rudolf Noben eis gestallt huet, musst Dir se selwer lauschteren.

Links bei d’Sujete vun dësem Episod:

 

Kontaktéiert eis:

          +352 26 17 97 1