Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Mmmh… Minett! Offiziell presentéiert

Mat enger Pressekonferenz, a Presenz vun der Ëmweltministesch Joëlle Welfring gouf haut de Projet „Mmmh… Minett“ offiziell presentéiert. But vun dësem Projet ass et d’Traçabilitéit vu Liewensmëttel, déi um Territoire vum Biosphärereservat hiergestallt ginn, z’erméiglechen. Duerch dëse Programm solle Liewensmëttel z’erkenne sinn, fir esou besser vu Clienten, déi op der Sich no lokalen a saisonale Produite sinn, identifizéiert kënnen ze ginn. Den éischte Produit, deen haut virgestallt gouf, ass d‘“Minetter Schof“. Zënter ronn 20 Joer ginn d’Kär- a Pufferzone vun der Minett UNESCO Biosphere vu Schof beweed. Dëse Paturage bremst d’Verbuschung vun de Gebitter a garantéiert den Erhalt vun den Dréchewisen, déi en Hafe vun der Biodiversitéit am Lëtzebuerger Süde sinn.

Fir d’Pressekonferenz haten de Gemengesyndikat PRO-SUD, d’Naturverwaltung (ANF) an de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung d’Press op de Lalléngerbierg invitéiert. De Lalléngerbierg ass eng vun de sechs Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere. Et ass e fréieren Dagebau, an deem d’Minette ofgebaut gouf. Nom Abandon vun der Minn sinn hei, wéi an den anere fréieren Dagebaugebitter, grouss Surface mat Dréchewisen entstanen, déi haut zu de bedeitende Biodiversitéitshotspotte vum Land gehéieren.

D’Ëmweltministesch Joëlle Welfring huet an hirer Ried ënnerstrach, datt et wichteg ass mat konkrete Projeten de Verloscht u Biodiversitéit ze bremsen an d’Natur, déi eis ëmgëtt z’erhalen. An deem Sënn huet si d’Landschaftsfleeg vun der ANF gelueft, déi sech aktiv fir d’Preservatioun vun de Landschaften, déi typesch fir eis Regioun sinn, asetzt. De Laurent Schley, Directeur-adjoint vun der ANF, ass op d’Urspréng vum Paturage itinérant an de fréieren Dagebaugebitter agaangen. Dësen huet virun 20 Joer ugefaangen. Et goung deemools drëm aktiv géint d’Verbuschung vun de Gebitter an d’Entstoe vu Primärbëscher virzegoen, fir Biodiversitéit a Landschaftsbild z’erhalen.

De PRO-SUD-President Georges Mischo huet a senger Ried den Engagement vun dem, nach jonken, Biosphärereservat ënnerstrach, fir d‘Produiten aus der Regioun zougänglech ze maachen an huet déi regional Roll vun de Minetter Schof ervirgehuewen aus deenen elo e héichwäertege regionale Produit gëtt. De Pol Kail, de Proprietär vum Trapp Schof, dee mat der Fleeg vun den Naturschutzzone vum Minett beschäftegt ass, huet d’Pressekonferenz mat Detailer iwwert dat rout Ardennerschof ofgeschloss. Et ass eng Rass aus der Groussregioun, déi wéinst hiren Originne bewosst erausgesicht gouf, fir duerch d’Biosphärereservat ze zéien. Et weidert Argument war den Aartenschutz, well ëmmer manner Ziichter de rouden Ardenner nach ziichten.

D’Fleesch vun de Minetter Schof gëtt vun der „La Provençale“ verschafft an ass vun elo un an enger Rei Supermarchéen a bei e puer ausgewielte Metzler am Grand-Duché ze kréien. Et ass e regionale Produit, deen et vu Juli bis Dezember wäert ginn. 

Méi Detailer iwwer de Projet vun der Wanderschéiferei, iwwert den „Mmmh… Minett“ an aner Aktiounen fir d’Promotioun vu lokale Liewensmëttel an der Minett UNESCO Biosphere, fannt Dir hei.