Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Entdeckt de Minett Nature Explorer: Eis Ateliere fir Jonker
arrow
quote quote

Mission Zéro Carbone – Kick-Off Meeting

Den 21. Abrëll, um 20. Anniversaire vum Gemengesyndikat PRO-SUD, hunn déi verantwortlech Gemengepolitiker vun der Minett UNESCO Biosphere eng Déclaration d’intention ënnerschriwwe fir d’Südregioun vu Lëtzebuerg bis 2050 zesummen ze dekarboniséieren. Duerch eng enk Zesummenaarbecht tëscht den 11 Gemenge solle Synergië geschaf ginn. Dës kënnen op personellem oder finanziellem Niveau realiséiert ginn.

Eng éischt Tëschenetapp ass eng Reduktioun vu 55 Prozent vun den CO2-Emissiounen an de Südgemenge bis 2030. Fir dëst Zil duerch konkret Projeten ze erreechen, musse gemeinsam Efforte gemaach ginn. E Freideg, de 7. Juli ass en éischten Atelier “Mission Zéro Carbone” organiséiert ginn, wou bal 40 Beamten aus den 11 PRO-SUD Gemengen, vum nationalen Institutiounen, vum Ministère fir Landesplanung an der Uni Lëtzebuerg deelgeholl hunn.

Oflaf vum Workshop

Am Ufank vum Workshop huet de Lex Faber vum Bureau d‘études Zeyen+Baumann d’Urgence vun der Dekarboniséierung nach emol rappelléiert an de geneeë Verlaf vum Workshop, deen dräi Stonne gedauert huet, skizzéiert. D’Participante goufen a 5 verschidde Gruppen opgedeelt. All Grupp huet sech mat engem vun de grousse Beräicher vun der Vision Territoriale vum Landesplanungsministère beschäftegt, déi de Gemenge leschten Oktober virgestallt gouf: Widderstandsfäegkeet an Dekarboniséierung, wirtschaftlech Entwécklung, Stadplanung, Landwirtschaft an Transport.

Hei kruten d’Participante jeeweils zwee konkret Projete virgestallt, déi an den nächste Joren ulafe sollen oder amgaange sinn ëmgesat ze ginn. Hir Aufgab war et z’iwwerleeën, wéi dës Projeten zesummen a  regional ëmgesat kënne ginn. An dësem Deel vum Atelier ass den Impakt vun de Projeten op d’Reduktioun vun den CO2 Emissiounen ze bestëmme gewiescht an et sollte Virschléi gemaach ginn, wéi een dës Projete lokal begleeden an hiren Impakt moosse kann.

Strategien definéieren

Am zweeten Deel vum Atelier kruten déi 40 Vertrieder vun de verschiddenen Institutiounen d’Aufgab, konkret Ziler ze nennen, déi an Aarbechtspläng kënnen zesummegefaasst ginn. Et goung ëm Pläng fir déi nächst véier Joer, Pläng fir 2030 an 2050. D’Aufgab vun den Aarbechtsgruppe war et, strategesch ze denken, mat konkreten Ziler. D’Bedeelegung vun der Gesellschaft (Privatleit, Associatiounen, Firmen) an eng Evaluatioun vun den néidege Ressourcen, souwuel wat d’Personal wéi och d’Finanzen ugeet, ware weider Aufgaben, un deenen an dësem Deel vum Atelier geschafft gouf.

Schlussendlech huet all Aarbechtsgrupp hir Haaptprioritéit presentéiert, a matgedeelt, wéi se mengen, datt dës prioritär unzegoe wier.

“Eleng ass ee méi séier, zesumme geet ee méi wäit”

D’Resultater vun dësem groussen Atelier ginn elo analyséiert, katalogiséiert a prioriséiert, fir dem neie Comité vum Gemengesyndikat PRO-SUD, deen am Hierscht mat senger Aarbecht ufänkt, kënne virgestallt ze ginn. Déi politesch Verantwortlech aus den 11 Gemenge kënnen dann decidéieren, wéi eng hir Prioritéite sinn um Wee an e klimaneutraalt Biosphärenreservat.

© Minett UNESCO Biosphere / PRO-SUD