Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Mir sichen dech

Volontaire gesicht

 

 

PRO-SUD, de regionale Syndicat fir d’Promotioun an d’Entwécklung vun der Südregioun a Gérant vun der Minett UNESCO Biosphere, sicht e(ng) Volontaire fir d’Koordinatioun vu sengem zweete Jugendforum, deem am Juli 2023 zu Esch-Uelzecht organiséiert gëtt.

Am Joer 2020 goufen déi 11 Gemenge vun der Südregioun vun der UNESCO zu engem unerkannte Biosphärereservat erkläert. D’Aufgabe vum Biosphärereservat sinn d’Erhale vum natierlechen an industriellen Ierwe vun der Regioun, Fuerschung an Ëmweltedukatioun.

De Volontaire / D’Volontaire gi vu enger professionneller Ekipp encadréiert a kritt e Büro op enger idyllescher Plaz matten an der Natur an net wäit ewech vum Zentrum vun der Stad Esch.

Aufgabe vum / vun der Volontaire:

  • Zesumme mat der Ekipp Preparatiounsreuniounen, d’Logistik an de Contenu vum Forum organiséieren.
  • Participatioun u lokalen a regionale Manifestatioune fir d’Promotioun vun der Minett UNESCO Biosphere.
  • Un der Organisatioun vun Ëmweltedukatiouns-Ateliere fir Schoulen an de breede Public matschaffen.
  • Entwécklung vu spezieller redaktionelle Contenue fir sozial Netzwierk.
  • Realisatioun vun enger Rei vun Interviewe fir d’Biosphärereservat bei jonke Leit méi bekannt ze maachen.

 

Gesichte Profil:

Eng Persoun mat Interessi un der Ëmwelt, digitaler Kommunikatioun an der Organisatioun vu Manifestatiounen. Néideg Sproochkenntnisser: Englesch an eng vun den dräi offizielle Landessproochen (FR, DE oder LU).

Fir méi Informatiounen iwwert d’Tâche an Äntwerten op all weider Fro kontaktéier eis mat engem Mail un tavernier@prosud.lu.