Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
quote quote

Minett Trail – Iwwernuechtungen elo buchbar

D’Iddi vum Minett Trail ass am Kader vun der Kandidatur vun der Lëtzebuerger Südregioun fir den UNESCO-Label „Man and the Biosphere“ (MAB) entstanen, déi aussergewéinlech an eenzegaarteg Naturlandschaften an den industrielle Patrimoine vun der fréierer Stol- a Biergbauregioun esou opzeschaffen an z’inzenéieren, datt dorausser e spezielle Produit fir nohaltegen Tourismus gëtt, deen et der Wäert mécht de Minett ze besichen.

Enn 2020 gouf d’Regioun, déi aus 11 Gemenge besteet, déi sech 2003 am Gemengesyndikat PRO-SUD zesummefonnt hunn, vun der UNESCO als „Minett UNESCO Biosphere“ an de MAB-Programm opgeholl. Esou stoung och der Realisatioun vum Minett Trail näischt méi am Wee. Dësen ass an de Méint duerno ausgeschëldert ginn a kann zënter Enn 2021 getrëppelt ginn.

© Visit Minett / ORT Sud

Op 10 Etappe bitt den Trail esou Munches. E verleeft queesch duerch d’Regioun a verbënnt op sengem Wee eng ganz Wanderhighlighte mateneen. Et entdeckt een déi kleng Dierfer vun der Regioun, et erlieft een an de Stied, wéi d’Stolindustrie den urbane Raum gepräägt huet an et entdeckt een d’Natur, déi deelweis eréischt no der Fermeture vun den alen Dagebaugebitter esou entstanen ass, wéi se sech haut presentéiert.

Méi ewéi e Wanderwee

En einfache Wanderwee duerch d’Regioun ass eis awer net duergaangen – de Projet ass deementspriechend erweidert ginn. Zesumme mam „Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils“ (OAI) gouf, Enn 2019, e Concours fir Architekte lancéiert. En Vue vun Esch2022, Europäesch Kulturhaaptstad, goung et drëm, an deenen 11 Gemengen, déi zesummen un der Organisatioun vun Esch2022 bedeelegt sinn a gemeinsam d'”Minett UNESCO Biosphere” forméieren, eng architektonesch aussergewéinlech Iwwernuechtungsméiglechkeet ze schafen. Aus iwwer 90 Proposen huet e Jury déi 11 Projeten zeréck behalen, déi elo zu “Kabaisercher” ginn. Et sinn 11 Konschtwierker an deenen, zum Beispill, fréier Industriegebaier, en Zuchwaggon oder Neibaute kënschtleresch an architektonesch Highlighte setzen.

Aalen Arbed’s Büro © www.simpleviu.com

Iwwernuechtunge kënne gebucht ginn

Déi Lëtzebuergesch Start-Up-Entreprise SIMPLEVIU, mat hirem Gerant Philippe Freitas Morgado, huet d’Gerance an den Hotelsbetrib vun den 11 Kabaisercher iwwerholl. Éischt Iwwernuechtunge sinn zënter dem 1. August méiglech.

2 vun den 11 Kabaisercher sinn op fir Reservatiounen: De „Floater“ zu Diddeleng an den „Aalen Arbed’s Büro“ zu Téiteng. Bis Enn vum Joer kommen déi aner Kabaisercher no an no dobäi. Iwwernuechtunge sinn dat ganzt Joer duerch méiglech a starte bei 150€ fir eng Nuecht.

D’Kabaisercher si perfekt, fir de Minett Trail an 10 Etappen ze wanderen an ënnerwee ze schlofen. D’Hebergementer hunn ënnerschiddlech Kapazitéiten (4 – 12 Persounen). Se sinn deels am Ganzen ze reservéieren, deels kann een awer och just en Zëmmer oder eng Schlofkapsel buchen. D’Kabaisercher eegne sech och fir Famillje mat Kanner a 4 Kabaisercher si komplett barrièrefräi.

Floater © www.simpleviu.com

SIMPLEVIU, Visit Minett an d’Minett UNESCO Biosphere invitéieren Iech häerzlechst eist Biosphärereservat ze besichen an seng aussergewéinlech post-industriell Kultur a Biodiversitéit z’entdecken.