Minett Mash-Up: De Podcast iwwert eis Regioun TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Minett Mash-Up: Lisa Junius

Lisa Junius X Escher Gaalgebierg

 

An dëser Episod klamme mir bis op den Escher Gaalgebierg a begéinen der talentéierter Kënschtlerin Lisa Junius. Mir diskutéieren iwwert hir divers Kreatiounen an hir enk Verbindung zum Minett. Als Bonus, gëtt eis Wëssen iwwer d’Geschicht vum Escher Gaalgebierg getest!  

 

Eis Minett Location vum Mount

Escher Gaalgebierg, Kiosk, 4325 Esch-sur-Alzette (Google Maps: 49°29’34.1″N 5°59’17.5″E)

Stadpark Gaalgebierg – Guide historique et architectural Esch-sur-Alzette from C2DH on Vimeo.

Eise Quiz (Froen a Äntwerten):

Wéini gouf de Stadpark hei um Gaalgebierg offiziell ageweit?  

  • 1.-3. September 1912 mat Freedefeier, Concert , Bal populaire a Kiermes. 
  • Entworf gouf de Park vum Architekt Paul Flesch. 

 

Aus wéi engem Material war de fréiere Kiosk gebaut wou mir hei sëtzen? 

  • De Kiosk war fréier a Form vun enger chineesescher Pagode (inspiréiert vun de Weltausstellungen) aus Holz op engem Sockel aus Beton armé. 
  • Et war fréier eng vun de beléiftsten Attraktioune vun den Escher Bierger. 
  • De fréiere Kiosk gouf duerch ee Brand zerstéiert an néi opgeriicht awer net méi an der Form wéi e fréier war. 

 

Wéi vill Zorte vu Rouse ginn et insgesamt am Rousegaart?  

  • De Rousegaart huet 6.000 Rousestäck a 450 Rousenzorten. 
  • De Rousegaart gouf 1934 vum Paul Flesch kreéiert. 
  • Hei um Gaalgebierg war den éischte Rousegaart am Land. 
  • Lëtzebuerg war international bekannt fir seng Rousen (och als “Rouseland” bekannt), déi zu Walfer an am ganzen Uelzechtdall geziicht goufen. Dës Rouse goufen duerch d’ganz Welt exportéiert, wéi z.b. a Russland an a Brasilien. 

 

Op wéi eng Schmelz gesäit een? 

  • Et gesäit een direkt Enne riets op déi fréier “Schëfflenger Schmelz” oder och “Metzeschmelz” genannt. 
  • Si gouf 1871 a Betrib geholl an huet vill zur Entwécklung an dem Wuelstand vun der Stad Esch-Uelzecht an der Gemeng Schëffleng bäigedroen. Insgesamt war d’”Metzeschmelz” bal 150 Joer a Betrib.

 

Iwwer d‘Lisa Junius

D’Lisa Junius ass eng fräiberufflech Kënschtlerin, am 1535° Creative Hub zu Déifferdeng. D’Lisa engagéiert sech a verschidde Konschtmedien, dorënner Wandmolerei, Printen, Keramik, Stationery, Bijouen, Accessoiren, Pins a souguer Tarotkaarten!

Fir méi Informatiounen a fir hiren Online-Store klickt op déi folgend Linken!

Homepage 1535° Creative Hub Homepage Lisa Junius Lisa Junius on Instagram