Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Minett Mash-Up: Episod 15 – Mahmoud Hashoush @ BeYouthSphere23

E jonke Wëssenschaftler aus dem Libanon

Dësen Episod vum Minett Mash-Up danzt e bëssen aus der Rei. Mer sinn ausnamsweis net um Minett Trail ënnerwee, mä maache Statioun um Minett Biosphere Youth Forum, dee vum 12. bis de 16. Juli am Naturschutzzentrum Ellergronn organiséiert gouf. Bei dësem Jugendforum ass et drëms gaangen, datt déi knapp 20 Participanten aus 5 Länner gemeinsam eng Sensibiliséierungscampagne fir de Schutz vun de Kärzone vun eisem Biosphärenreservat auszeschaffen.

Eise Gaascht: Mahmoud Hashoush

Als Gespréichspartner hu mir fir dësen Episod de Mahmoud Hashoush ausgewielt. De Mahmoud kënnt aus dem Libanon a war 2022 bei der éischter Editioun vum Minett Biosphere Youth Forum als Participant dobäi. Nëmmen e puer Méint drop ass hie fir e Stage vu 6 Méint an eist Biosphärereservat komm an dëst Joer war hien an enger hybrider Roll bei der zweeter Editioun vum Jugendforum dobäi. Engersäits huet hien aktiv um Design vun der Sensibiliséierungscampagne matgeschafft, mä hien hat awer och en Atelier iwwer „Ecosystem services“ gehalen.

De Mahmoud op Instagram

D’Konzept vun den Déngschtleeschtungen, déi Ökosystemer eis bidde kënnen ass den Haaptsujet vun eisem Gespréich mam Mahmoud, mä och seng Liewensrees duerch ewell 5 Länner op 3 Kontinenter sinn e Sujet vum 15. Episod vun eisem Podcast.

Nom Gespréich mam Mahmoud léiert dir awer och nach zwou wieder Participanteë vum Jugendforum, déi mer no hiren Impressioune vun der Minett UNESCO Biosphere gefrot hunn. D’Sweety vun Esch an d’Elvira aus Schweden hunn eis Ried an Äntwert gestanen.

© Minett UNESCO Biosphere / MUAR

Linke bei d’Sujete vun dësem Episod:

Minett Biosphere Youth Forum 2023: E Réckbléck op d’Editioun 2023

Resultat vum Minett Biosphere Youth Forum: En Abléck an d’Sensibiliséierungscampagne, déi ausgeschafft ginn ass

Ecosystem services: Ökosystemservicer ginn definéiert als déi direkt an indirekt Contributioune vun den Ökosystemer zum mënschleche Wuelbefannen, an hunn en Impakt op eist Iwwerliewen an eis Liewensqualitéit.

De Podcast gëtt realiséiert mat der Ënnerstëtzung vun:

Kontaktéiert eis:

+352 26 17 97 1