Mission Zéro Carbone Naturlab: Pedagogesch Aktivitéiten Minett Mash-Up: De Podcast Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Minett Biosphere Youth Forum ’23

Vum Mëttwoch 12. Juli bis Sonndeg 16. Juli huet d’Minett UNESCO Biosphere hiren zweete Jugendforum #beyouthsphere23 organiséiert. 15 jonk Erwuessener tëscht 18 an 28 Joer aus Däitschland, Frankräich, Polen, Schweden a Lëtzebuerg, deenen hiren Openthalt duerch den europäesche Finanzéierungsprogramm Erasmus+ erméiglecht gouf, hunn um fënnef Deeg laangen Event deelgeholl.

D’Zil vum Jugendforum war dëst Joer, en Ëmweltproblem an der Minettregioun ze léisen, deen am Abrëll 2022 identifizéiert a beschriwwe gi war. Virun engem Joer hunn d’Participanten um éischte Jugendforum den Design vun den Informatiounsschëlter an den Naturschutzzonen als net uspriechend an ze onperséinlech identifizéiert. Visiteuren, déi duerch déi fréier Dagebaugebitter  trëppelen, géife sech kaum vun de Schëlder op der Plaz ugeschwat spieren.

Dëst Joer war d’Erausfuerderung fir d’Participanten um zweete Jugendforum eng Sensibiliséierungscampagne z’erstellen, déi sech un de breede Public riicht, deen a senger Fräizäit d’Naturschutzgebitter vun eiser Biosphär besichen an hinnen op eng positiv Manéier d’Verhalensreegele méi no bréngen, déi et gëtt fir eis Natur schützen. 

Um Ufank vum Forum, leschte Mëttwoch, hunn de Philippe Pypaert, Responsabele fir d’Jugendaarbecht vum UNESCO-Programm “Man and the Biosphere” an d’Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, ënnerstrach wéi wichteg et ass, Jonker, déi an oder no bei engem Biosphärenreservat wunnen, an déi deeglech Aarbecht an d’Organisatioun vun hire Biosphären z’integréieren.

© Minett UNESCO Biosphere / Syndicat PRO-SUD

Um Donneschdeg, dem éischte ganzen Dag vum Jugendforum, stoung en Ausfluch an eent vun den Naturschutzgebidder vum Minett um Programm. Zesumme mam Jan Herr, dee fir de Schutz an d’Erhaalung vun de fréieren Dagebaugebitter bei der Naturverwaltung zoustänneg ass, sinn d’Participanten duerch de Schutzgebitt Brucherbierg-Lallengerbierg gewandert a kruten en Abléck an déi räich Biodiversitéit vun der fréierer Eisenäerzgrouf um Plateau tëscht Schëffleng an Esch-Uelzecht. Am Nomëtteg war e Workshop iwwert “eco-system services” fir ze weisen, wéi wichteg den Naturschutz an der aktueller Biodiversitéitskris ass.

© Minett UNESCO Biosphere / Syndicat PRO-SUD

De Freideg an de Samschdeg ware fir d’Entwécklung vun enger Sensibiliséierungscampagne a Prototyppe vu Schëlder reservéiert, déi hëllefe soll d’Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere ze schützen. De kreative Kollektiv “La Bonneterie“, deem seng Participatioun um Jugendforum duerch déi finanziell Ënnerstëtzung vun der André Losch Fondation méiglech gemaach gouf, huet d’Atelieren am Naturschutzzenter Ellergronn organiséiert. Bannent zwee Deeg hunn d’Participante vum Jugendforum Verhalenscampagne erstallt, déi um Sonndegmoie virgestallt gouf.

© Minett UNESCO Biosphere / Syndicat PRO-SUD

D’Ëmweltministesch Joëlle Welfring, d’Simone Beck, Presidentin vun der UNESCO Kommissioun an de Georges Mischo, President vum Gemengesyndikat PRO-SUD, deen d’Minett UNESCO Biosphere geréiert, souwéi aner Membere vum PRO-SUD Büro a Comité waren am Naturschutzzentrum Ellergronn bei der Presentatioun vun der Campagne dobäi. D’Participanten hunn hir Aarbecht virgestallt an duerno mat de Politiker diskutéiert, wéi hir Iddie fir d’Kärzone vum Biosphärereservat kënne genotzt ginn an esou hir ekologesch Wichtegkeet an Zukunft nach besser ze schützen.

An den nächste Wochen a Méint wäerten déi Responsabel vun der Minett UNESCO Biosphere, an enker Zesummenaarbecht mat den zoustännegen Naturverwaltungsservicer, dru schaffen d’Campagne ëmzesetzen.

© Minett UNESCO Biosphere / Syndicat PRO-SUD